Max Verstappen mat der Pole virun eegenem Publikum
Vun der 2. Plaz geet e Sonndeg de Lando Norris an d'Course, dat virum George Russell.
Bei naasse Stroosseverhältnisser ass et am Qualifying zu Zandvoort virun allem drëms gaangen, zum richtegem Zäitpunkt op der Streck ze sinn, dat well virun allem am Q1 ëmmer nees Schauere vum Himmel erofkomm sinn. No 2 Ënnerbriechungen am Q3 huet sech schlussendlech de Max Verstappen d'Plaz 1 geséchert. Vun der 2. Plaz geet e Sonndeg de Lando Norris an d'Course, dat virum George Russell. De Lewis Hamilton ass net an de Q3 komm.
Op enger naasser Pist war am Q1 scho fir den Zhou, Bottas, Ocon, Magnussen a Lawson Schluss. Déi séiersten Zäit ass am Q1 den Albon gefuer.
Grouss Iwwerraschung dunn am Q2. Fir de Lewis Hamilton op Mercedes war mat der 13. Plaz scho fréi Schluss. Fréizäiteg eriwwer war de Qualifying, bei deenen déi meescht Fuerer mat Intermediates gefuer sinn, och fir de Stroll, Gasly, Tsunoda an Hülkenberg. Iwwerdeems huet Williams eng ganz gutt Performance gewisen, an ass mat deenen zwee Autoen an de Q3 komm.
Am Q3 ass d'Sonn un der Nordsee dunn erauskomm an d'Streck ass ëmmer méi dréche ginn. De Logan Sargeant, deen éischten Amerikaner zanter 1993, dee sech am Qualifying ënnert den Top 10 ka qualifizéieren, ass mat sengem Williams 8 Minutte viru Schluss an d'Mauer geknuppt. Doropshin ass de Qualifying kuerzfristeg ënnerbrach ginn. Nom Restart huet et awer net all ze laang gedauert, bis de nächste Coureur an der Mauer louch. De Charles Leclerc huet d'Kontroll iwwert säin Auto verluer an et huet nees missen de Roude Fändel gewise ginn.
Um Enn klasséiert sech de Max Verstappen op der 1. Plaz, virum Lando Norris an dem George Russell.
D'Course vun e Sonndeg kënnt Dir iwwerdeems och um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play live suivéieren. Vu 14.15 Auer u wäerten de Serge Pauly an de Franky Hippert Iech duerch d'Course guidéieren. Un hirer Säit den Expert Dominique Riefstahl.
De ganze Qualifying kënnt Dir Iech hei nach emol am Replay ukucken.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.