Wéi d'Ecurie matdeelt, wäerten och an der nächster Saison den Zhou Guanyu an de Valtteri Bottas am Cockpit sëtzen.

Drëtte Mann wäert och wéi schonn dëst Saison den Théo Pourchaire bleiwen. Mam Bottas huet d'Ekipp, déi hire Sëtz an der Schwäiz huet, en erfuerene Pilot an hire Reien, dee scho méi wéi eng Course um Formel-1-Circuit gewanne kann. Den Zhou hat et als éischte Chinees iwwerhaapt gepackt, an der Kinneksklass ze fueren, a beweist a sengem zweete Joer säi Talent op der Streck, awer och säi technescht Wëssen, schreift Alfa Romeo.

Mam 20 Joer jonke Fransous Théo Pourchaire huet d'Ecurie en Reservepilot an hire Reien, deen an der Formel 2 am Asaz ass an do aktuell d'Nues virhuet. Duerch seng Aarbecht, grad am Simulator, huet hie vill dozou bäigedroen, fir d'Team weiderzebréngen, esou d'Ecurie selwer.