Fir d'éischt Singapur, déi Woch drop Suzuka

An der Formel 1 ass dëse Weekend den Optakt vun engem sougenannten "double header".
Fir d'éischt gëtt de Grousse Präis vu Singapur gefuer, éiert et dann d'nächst Woch op Suzuka a Japan geet. De Marina Bay Circuit fuerdert scho Mënsch a Maschinn.
Et ass e Stad-Circuit, dee verwénckelt ass, dës Saison awer e bësse manner, mat enger Streckenännerung tëscht de fréiere Kéiere 16 bis 20. Dobäi kënnt och nach, datt et zimmlech knubbeleg ass. Dat sinn awer net eleng d'Grënn firwat dës Course esou extrem fir déi ganz Kinneksklass aus dem Automobilsport ass, och d’Hëtzt spillt eng ganz grouss Roll, seet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl. Och wann d'Course zu Singapur op verschiddene Punkten extrem ass, esou ass de Circuit awer zum Deel och net vill anescht vun der Charakteristik hier, fir d'Autoen wéi d'Strecken an Europa zu Budapest oder zu Monte Carlo.
Physesch a Mental ass de Marina Bay Street Circuit deen usprochvollste vun der Saison. Wat d'Approche vun de Pilote fir de Weekend ugeet, esou hänkt dat an der Preparatioun ëmmer vu jiddwerengem Eenzelen of, esou den Dominique Riefstahl.
Red Bull huet dës Saison 14 vu 14 Coursse gewonnen, 12 Mol de Max Verstappen, dovun elo 10 Mol hannerteneen, an zwee Mol de Sergio Perez. Déi grouss Fro, déi sech stellt, ass, ob et déi 11. Victoire hannertenee fir de Weltmeeschter gëtt, oder ob de Mexikaner säi Succès vum leschte Joer ka widderhuelen.
Dir kënnt d'Formel 1 dëse Weekend natierlech nees live hei op RTL Lëtzebuerg suivéieren. Den Tom Hoffmann kommentéiert d'Fräi Trainingen op RTL.lu an op RTL Play.
D'Qualifikatioun gëtt e Samschdeg de Mëtteg um 15 Auer gefuer, an d'Course mam Virprogramm fänkt dann e Sonndeg um 13.15 Auer un, dat dann och op Tëlee Lëtzebuerg op RTL ZWEE mat eise Commentateuren Serge Pauly a Franky Hippert, an eisem Formel-1-Expert Dominique Riefstahl.