Ferrari feiert, schwaarzen Dag fir Red Bull

© AFP
Béid Red-Bull-Pilote goufen am Q2 eliminéiert. De Lance Stroll hat am éischte Qualifying no engem Crash fir eng Ënnerbriechung gesuergt.
Et war wuel de bis elo interessantste Qualifying vun der Saison, dat opgrond vun de Problemer vum Red-Bull-Auto, deen zu Singapur net sou funktionéiert huet wéi op de viregte Circuiten. Dovun hu Ferrari a Mercedes profitéiert.
D'Qualifikatioun kënnt Dir Iech hei nach emol am Replay ukucken.
De Carlos Sainz op Ferrari ka sech iwwer d'Pole Position zu Singapur freeën, déi insgesamt fënneft a senger Karriär. Den George Russell quëtscht sech tëscht déi zwee Ferrari-Piloten a steet virum Charles Leclerc op Positioun 2. An der zweeter Startrei steet nieft dem Monegass de Lando Norris op McLaren, virum Lewis Hamilton op Plaz 5. De Fernando Alonso geet just als Siwenten an d'Course.
Nodeems Red Bull an de fräien Trainingen Krämpes hat, matzehalen, hu sech dës Problemer an der Qualifikatioun confirméiert. Béid Pilote goufen am Q2 eliminéiert a gi vun der Positioun 11 (Verstappen) an 13 (Perez) an d'Course. Et ass déi éischt Kéier zënter Sotschi 2018, dass kee Red Bull am drëtten Tour vum Qualifying dobäi war.
Kuerz virum Enn vum éischten Tour vum Qualifying hat de Lance Stroll säin Auto an der leschter Kéier verluer an hat duerch seng Sortie dofir gesuergt, dass de roude Fändel huet musse gewise ginn an déi lescht Ronn vun enger Rei Fuerer net méi gezielt huet. De Qualifying gouf doropshin fir iwwer 30 Minutten ënnerbrach.
De Grand Prix vu Singapur start e Sonndeg um 14 Auer, de Virprogramm op RTL fänkt um 13.15 Auer un. Béides kënnt Dir wéi gewinnt op RTL ZWEE, op RTL.lu an op RTL Play suivéieren.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.