Carlos Sainz gewënnt zu Singapur

© LILLIAN SUWANRUMPHA/AFP
De Ferrari-Pilot huet e Start-Zil-Erfolleg gefeiert. Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Lando Norris op McLaren an de Lewis Hamilton op Mercedes gefuer.
No 10 Victoiren hannertenee fir de Max Verstappen huet de Carlos Sainz op Ferrari de Grousse Präis vu Singapur gewonnen. Et war den 1. Succès fir Ferrari an dëser Saison. An enger wéinst de Safety-Car-Phase spannender Course, sinn de Lando Norris an de Lewis Hamilton och op de Podium gefuer. Den 2. Mercedes-Pilot George Russell ass an der leschter Ronn ausgefall. Fir Red Bull war et keng gutt Course. De Max Verstappen ass awer vun der 11. op déi 5. Plaz no vir gefuer. De Sergio Perez gouf den 8.. Am General bleift de Verstappen souverän op der éischter Plaz.
Déi ganz Course kënnt Dir Iech hei nach emol am Replay ukucken.
Béid Ferrari-Piloten haten e ganz gudde Start: De Sainz ass vir bliwwen, hannendrun huet de Leclerc sech vun der drëtter op déi zweet Positioun verbessert. Op de Plazen 3 a 4 louchen déi 2 Mercedes-Pilote Russell an Hamilton. Den Hamilton huet seng Plaz awer missen un de Norris ofginn, well hie beim Start ofgekierzt hat. De Verstappen op Red Bull hat sech no 6 Ronne vun der 11 op déi 8. Plaz verbessert.
An der Suite hu Sainz a Leclerc un der Spëtzt de Virsprong op de Russell vergréissert. D'Strategie vu Ferrari war, de Leclerc méi lues fueren ze loossen, fir dass de Russell net méi no un de Sainz erukënnt. An der 20. Ronn gouf d'Klassement duerch eng Safety-Car-Phas duerchernee gerëselt.
An der Hallschent vun der Course hu sech de Russell an de Norris op de Plazen 2 an 3 hannert dem Sainz erëmfonnt. 20 Ronne viru Schluss huet eng virtuell Safety-Car-Phas d'Course nach emol spannend gemaach. Mercedes huet sech fir Medium-Pneuen entscheet, Ferrari an de Lando Norris op McLaren sinn op den haarde Pneue bliwwen.
D'Medium Pneue waren de bessere Choix: Russell an Hamilton sinn an de leschte 4 Ronne ganz no u Sainz a Norris erukomm. De Leclerc ass vun der 3. op déi 5 . Plaz zréckgefall. Um Enn konnt sech de Sainz un der Spëtzt behaapten. Hannendrun huet och de Norris d'Attacke vum Russell a vum Hamilton ofgewiert. An der leschter Ronn ass de Russell an d'Mauer gerannt, soudass den Hamilton nach op de Podium gefuer ass. Duerch den Ausfall vum Russell konnt de Leclerc nach op déi 4. Plaz fueren. Positiv ass d'Course och fir de Pierre Gasly op Alpine verlaf. De Fransous gouf hannert dem Verstappen de 6..
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.