Am Kader vum Grousse Präis vu Japan huet d’Scuderia Alpha Tauri hir Pilote fir d’nächst Saison annoncéiert.

Et war eng vun de leschten oppene Froen am F1-Pilotekarussel fir d’nächst Saison: Wie fiert 2024 a wéi enger vun den zwou Red-Bull-Ecurien? Elo huet Alpha Tauri annoncéiert, dass si och an Zukunft op d’Koppel Tsunoda/Ricciardo setzen. De Japaner Yuki Tusnoda hätt sech zënter sengem Debut 2021 ëmmer weider entwéckelt, esou déi Responsabel vun Alpha Tauri. De Japaner freet sech, dass d’Verlängerung vu sengem Kontrakt grad bei senger Heemcourse zu Suzuka annoncéiert gëtt: "Ech soe Red Bull an Honda Merci, dass si mech weider ënnerstëtzen a weider u mech gleewen, an ech si frou, dass dës Partnerschaft weidergeet." Mam Daniel Ricciardo setzt Alpha Tauri an Zukunft op en erfuerene Pilot a gëtt domadder d’Konzept vum Red-Bull-Junior-Team op. Den Australier koum kuerz virun der Summerpaus als Ersatz fir den Nyck de Vries an den Alpha-Tauri-Cockpit, mä konnt nëmmen zwou Coursse fueren. Bei engem Accident zu Zandvoort huet hie sech d’Hand gebrach, an ass zënterhier am Krankeschäin. Och den Daniel Ricciardo freet sech, dass seng Rees trotz onfräiwëlleger Paus mat Alpha Tauri weidergeet: "Mir hu vill Aarbecht virun eis, mä et geet an déi richteg Richtung. Ech freeë mech op 2024."

Domadder sinn och d’Rumeure vum Dësch, dass den Neiséilänner Liam Lawson e feste Cockpit kéint kréien. No sengen exzellente Leeschtungen (ë.a. 2 Punkte bei senger éischter Course zu Singapur) gouf driwwer spekuléiert, dass hien de Yuki Tsunoda ersetze kéint. Elo ass kloer, dass de Lawson Reserv- a Simulatorpilot fir béid Ecurien, also Red Bull an Alpha Tauri, bleift.

RTL

© Red Bull Content Pool