Souverän Victoire fir de Max Verstappen viru McLaren-Duo

© AFP
E Sonndeg de Moie gouf an der Formel 1 de Grousse Präis vu Japan zu Suzuka gefuer.
Beim Depart konnt de Max Verstappen seng éischt Plaz géint déi zwee McLaren-Pilote verdeedegen, och wa si allebéid e gudde Start erwëscht haten. Dobäi konnt iwwerdeems de Lando Norris säin Teamkomerod Oscar Piastri iwwerhuelen a war also elo den Zweeten. 6 Piloten hunn no diverse Virfäll an der éischter Ronn schonns fréi missen un d'Box kommen, dorënner och de Sergio Perez.
De Mexikaner huet sech an der Suite also nees missen no vir schaffen. No enger Kollisioun mam Haas-Pilot Kevin Magnussen war e puer Ronne méi spéit dunn d'Course eriwwer fir de Sergio Perez, och wann hie méi spéit nach eemol kuerz zeréck op de Circuit koum.
Iwwerdeems de Max Verstappen un der Spëtzt nees souverän seng Ronne gedréint huet, war et hannendrun e bësse méi spannend, dat ënnert anerem well den George Russell op enger 1-Stopp-Strategie ënnerwee war. Doduerch louch hien no 40 Ronnen op der drëtter Plaz. An der 42. Ronn huet den Oscar Piastri sech awer d'Podiumsplaz zeréckgeholl.
Deemno Verstappen virun Norris a Piastri. Hannendrun huet den George Russell op sengen ale Pneue weider Plaze verluer an ass bis op déi 7. Plaz duerchgereecht ginn.
Weider Changementer gouf et net méi. Um Enn wënnt also de Max Verstappen virun den zwee McLaren-Piloten Lando Norris an Oscar Piastri. Fir de Rookie Piastri war et den éischte Podium a senger Formel-1-Karriär.
Donieft huet sech Red Bull elo schonns zu Suzuka de Weltmeeschtertitel bei de Konstrukteure geséchert.
Um RTL Play kënnt Dir d'Course am Replay kucken.