Den Oscar Piastri start de Sprint vun der Pole Position

© AFP
Am Katar steet nieft der normaler Course um Sonndeg och nees ee Sprint um Programm, deen e Samschdeg den Owend gefuer gëtt.
Nodeems de Verstappen sech e Freideg seng 10. Pole Position vun der Saison fir déi normal Course geséchert hat, konnt den Oscar Piastri op McLaren sech e Samschdeg de Mëtteg déi éischt Plaz am Shootout sécheren, dat fir déi éischte Kéier a senger Karriär.
Wéinst de Kerbs, déi an e puer Kéieren ze aggressiv op d'Pneue gewierkt hunn, gouf de Shootout ëm ronn 20 Minutte verréckelt. D'Pilote kruten iwwerdeems nach 10 Minutten, fir sech un d'Changementer upassen ze kënnen.
Schonn am SQ1 war fir béid Williams-Piloten Sargeant an Albon Schluss. Och de Magnussen op Haas, den Tsunoda am AlphaTauri an de Stroll am Aston Martin ware schonn no den éischten 12 Minutten eliminéiert a starten am Sprint vun de leschte Positiounen.
Fir déi zwee Pilote vun Alfa Romeo, de Bottas an den Zhou, war de Shootout dunn am SQ2 eriwwer. Och den Hamilton op Mercedes, genausou wéi de Gasly (Alpine) an de Lawson (AlphaTauri) hunn de Sprong an déi lescht Ronn net gepackt.
Am SQ3 konnt de Rookie Oscar Piastri op McLaren sech dunn déi séiersten Zäit sécheren, dat viru sengem Teamkolleeg Norris an dem Verstappen op Red Bull. De Verstappen start domat e Samschdeg den Owend vun der 3. Plaz an de Sprint, an hie muss de 6. ginn, fir de WM-Titel virzäiteg feieren ze kënnen.
De Sprint gëtt e Samschdeg den Owend vu 19h00 un um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play live iwwerdroen. De Start vum Sprint ass fir 19h30 festgeluecht.
Och d'Course kënnt dir iwwerdeems e Sonndeg um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play vun 18h30 u live suivéieren, den Depart ass hei um 19h00.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.