Op d'Plazen 2 an 3 sinn d'Mercedes-Piloten George Russell a Lewis Hamilton gefuer.

An der Formel 1 ass dëse Weekend ee Sprint-Weekend. Dofir war dann och schonn e Freideg den Owend de Qualifying fir de Grousse Präis vum Katar e Sonndeg den Owend eiser Zäit.

Nodeems de Max Verstappen schonn am Fräien Training dee Séierste war, ass dem Hollänner och am Qualifying déi séierste Ronn gelongen. Den aktuelle Weltmeeschter start domadder e Sonndeg beim Grousse Präis vum Katar vun der Pole Position. Et ass déi 10. an dëser Saison an déi 30. a senger Karriär. Hannert dem Red-Bull-Pilot ass den George Russell (Mercedes) op déi zweete Plaz gefuer. Als Drëtte respektiv Véierten hu sech de Lewis Hamilton (Mercedes) an de Fernando Alonso (Aston Martin) klasséiert.

Pech haten déi zwee McLaren-Pilote Lando Norris (McLaren) an Oscar Piastri. Si kruten nodréiglech hir séierste Ronn wéinst engem Verstouss vun den Track Limits gestrach. Hätte si sech un d'Reegele gehalen, da wäre si vun der zweeter respektiv der 4. Plaz an d'Course gaangen. Elo start den Norris nëmme vun der 10. an de Piastri vun der 6.

Um RTL Play fannt Dir siwen Deeg laang de Replay vum Qualifying.

Am Q1 goufen de Lance Stroll (Aston Martin), de Liam Lawson (Alpha-Tauri), de Kevin Magnussen (Haas), de Logan Sargeant (Williams) an den Zhou Guanyu (Alfa Romeo) eliminéiert.

Nom Q2 haten de Sergio Perez (Red Bull), deem seng séierste Ronn gestrach gouf, de Carlos Sainz (Ferrari), den Nico Hülkenberg (Haas), den Alexander Albon (Williams) an de Yuki Tsunoda (AlphaTauri) Feierowend.

E Samschdeg geet et dann am Katar weider. De Shootout an de Sprint gi gefuer. Hei kéint d'Decisioun ëm de WM-Titel falen. De Max Verstappen kéint sech fréizäiteg säin 3. Weltmeeschtertitel sécheren. De Shootout an de Sprint kënnt Dir vu 14.55 Auer respektiv 19.00 Auer eiser Zäit un op RTL live kucken.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023