De Sprint beim Grousse Präis vum Katar huet den Oscar Piastri gewonnen.

D'Sprint-Victoire vum McLaren-Pilot war awer just Niewesaach, well am Sprint d'Decisioun ëm de Weltmeeschtertitel gefall ass. Nodeems de Max Verstappen schonn déi ganz Saison dominéiert huet, huet hien e Samschdeg am Katar säin 3. Weltmeeschtertitel an der Formel 1 an dréchen Dicher bruecht. D'Decisioun ass scho wärend dem Sprint gefall, dat well de Sergio Perez duerch een Accident eliminéiert gouf. Den Esteban Ocon hat de Mexikaner ofgeschoss. Domadder war d'Klassement vum Verstappen egal. Um Enn ass hien deen Zweete ginn.

Fir den Hollänner ass et deen drëtten Titel noeneen. Fir Red Bull ass et deemno nees eng excellent Saison. Schonn a Japan hat ee sech den Titel bei de Konstrukteure geséchert.

Fir den Oscar Piastri ass et iwwregens déi éischt Victoire bei enger Formel-1-Course. Hie war och als Éischten an de Sprint gaangen. Nieft dem Verstappen huet och nach den zweete McLaren-Pilot Lando Norris et op de Podium gepackt.

E Sonndeg gëtt dann nach d'Haaptcourse vum Weekend gefuer, et ass de Grousse Präis vum Katar. Hei geet den alen an neie Weltmeeschter an der Formel 1, Max Verstappen, vun der Pole Position aus an d'Course. Nieft him steet den George Russell op Mercedes. Aus der zweeter Rei fueren de Lewis Hamilton am zweete Mercedes an de Fernando Alonso op Aston Martin fort.

Vun 18.30 Auer eiser Zäit u kënnt Dir e Sonndeg d'Course live op RTL suivéieren.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023