Weltmeeschter Verstappen wënnt viru McLaren-Duo

© AFP
De Max Verstappen wënnt am Katar souverän virun den zwee McLaren-Piloten Oscar Piastri a Lando Norris.
Mercedes ass duerch d'Startplazen 2 an 3 mat enger gudder Ausgangspositioun an d'Course gaangen, ma schonns no der éischter Kéier war dës fort. Do gouf et nämlech eng Kollisioun tëscht dem Lewis Hamilton an dem George Russell. An der Suite war d'Course fir de siwefache Weltmeeschter eriwwer, iwwerdeems säin Teamkomerod op déi leschte Plaz zeréckgefall ass. De Carlos Sainz stoung iwwregens guer net an der Startopstellung.
Den George Russell huet awer wärend der Course gewisen, datt de Mercedes richteg gutt geet. Well no 13 Ronnen hat de Britt sech schonn nees op déi 6. Plaz no vir geschafft.
Duerch divers Boxestopps gouf et ëmmer nees vill Mouvement am Feld. An der 33. Minutt war dann och de Fernando Alonso vun der Streck ofkomm an ass bis op déi 7. Plaz zeréckgefall.
An der Schlussphas hunn 3 Fuerer ëm d'Plazen 2 an 3 gekämpft, iwwerdeems de Max Verstappen dës Course souverän vun der Spëtzt aus dominéiert huet.
Hannendru waren et Piastri, Norris a Russell, déi ëm déi zwou verbleiwend Plazen um Podium gekämpft hunn. Um Enn war de Russell awer nach eemol an d'Box, esou datt de Max Verstappen d'Course um Enn gewënnt, dat virum Oscar Piastri an dem Lando Norris.
De Replay vun der Course wäert am Laf vum Méindeg de Moien um RTL Play disponibel sinn.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.