De fréiere Formel-1-Chef Bernie Ecclestone ass vun engem Londoner Geriicht wéinst Bedruch zu enger Prisongsstrof vu 17 Méint op Sursis verurteelt ginn.

Den 92 Joer alen Ecclestone hat zouginn, ronn 462 Milliounen Euro laanscht d'Steiere geschleist ze hunn an huet elo och 750 Milliounen Euro nobezuelt.