De Grousse Präis vun der Belsch bleift och 2025 am Kalenner vun der Kinneksklass aus dem Automobilsport.

Gutt Noriichten fir alleguerten d‘Formel 1 Supporter hei aus der Géigend.

D‘Formel 1 huet de Kontrakt mat Spa-Francorchamps ëm e weidert Joer verlängert. Virun e puer Woche war schonn bekannt ginn, datt de beléifte Circuit an den Ardennen och d‘nächst Saison nach am Kalenner virgesinn ass. An der Lescht war ëmmer nees driwwer spekuléiert ginn, ob de Grand Prix an der Belsch eventuell fir eng Course an Südafrika misst Plaz maachen.

D‘nächst Saison fänkt den 2. Mäerz am Bahrain un, de Grousse Präis vun der Belsch ass dann de Weekend vum 28. Juli.

Lo sinn awer dëst Joer emol nach 5 Courssen. Déi nächst ass den nächste Weekend mam Grand Prix vun den USA zu Austin.

Hei op RTL Lëtzebuerg verpasst dir natierlech nees näischt.