Am Texas erwaart d'Piloten en technesch komplizéierte Circuit

© XAVI BONILLA / Xavi Bonilla / DPPI via AFP
An der Formel 1 stinn 3 ganz ustrengend Weekender um Programm. Lass geet et déi nächst 3 Deeg zu Austin an den USA.
D'nächst Woch heescht et da "Viva Mexiko" an a 14 Deeg ass dann nach de Grousse Präis vu Brasilien. Lo am Texas an an zwou Wochen zu Interlagos sti Sprint-Weekender um Programm.
Um Freideg ass just ee Fräien Training an da geet et schonn direkt an d'Qualifikatioun fir de Grand Prix e Sonndeg. De Samschdeg steet da ganz am Zeeche vum Sprint mam Shootout, der Qualifikatioun fir d'Sprint-Course.
De Circuit zu Austin ass bei ville Pilote beléift, ass awer technesch extrem komplizéiert, sou de RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl.
De Circuit of the Americas mécht och ville Pilote Spaass, well ee gutt iwwerhuele kann.
D'Decisioun ëm de WM-Titel bei de Piloten ass zanter dem leschte Grand Prix am Katar jo definitiv gefall. De Max Verstappen ass eng drëtte Kéier noenee Weltmeeschter. Hannendru gëtt awer nach ëm de Vizeweltmeeschtertitel gekämpft, a fir de Sergio Perez gëtt et op der zweeter Plaz ëmmer méi enk. Och bei de Konstrukteuren ass et hannert Red Bull nach eng ferm Lutte ëm d'Éiereplazen.
De Fräien Training kënnt dir e Freideg um 19.30 Auer bei eis um Site an um RTL Play kucken. D'Qualifikatioun gëtt dann um 23 Auer online an op der Tëlee iwwerdroen. De Shootout an de Sprint sinn dann e Samschdeg um 19.30 Auer respektiv e Sonndeg um Mëtternuecht.
Vun e Sonndeg 20.30 Auer u kënnt dir dann de Virprogramm vum Grand Prix an d'Course selwer op der Tëlee an online verfollegen.