Fir de Ferrari-Pilot ass et déi éischt Pole zu Austin.

De Weekend mécht d'Formel 1 Statioun an den USA. Et ass nees e Sprint-Weekend an domadder stoung e Freideg den Owend de Qualifying fir de Grousse Präis vun den USA e Sonndeg um Programm.

Dem Charles Leclerc ass um "Circuit of the Americas" zu Austin déi séierste Ronn gelongen, domadder huet hie sech dann och d'Pole Position geséchert. De Monegass geet zu Austin fir d'21. Kéier vu Startplaz 1 an eng Formel-1-Course. An der aktueller Saison ass et fir de Leclerc déi drëtte Pole.

De Ferrari-Pilot konnt sech virum Lando Norris (McLaren) an dem Lewis Hamilton (Mercedes) behaapten. De Weltmeeschter Max Verstappen muss sech amplaz vun der Pole mat der 6. Plaz zefridde ginn, dat well seng séierste Ronn wéinst dem Iwwerschreide vun den Track-Limits gestrach gouf.

Kee gudden Dag hat e Freideg Aston Martin erwëscht. Mam Fernando Alonso a Lance Stroll si béid Piloten direkt am Q1 eliminéiert ginn. Donieft war et nach den Out fir den Nico Hulkenberg (Haas) an déi zwee Williams-Piloten Alexander Albon a Logan Sargeant.

Am Q2 war Schluss fir d'Alfa-Romeo-Pilote Valtteri Bottas an Zhou Guanyu, d'AlphaTauri-Pilote Yuki Tsunoda a Daniel Ricciardo an de Kevin Magnussen op Haas.

All d'Pilote sinn nees e Samschdeg am Shootout an am Sprint gefuerdert. An e Sonndeg ass dann den Héichpunkt mam Grousse Präis vun den USA.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 LENOVO UNITED STATES GRAND PRIX 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023