Verstappen feiert zweet Victoire zu Austin, Hamilton a Leclerc disqualifizéiert

© AFP
Den Hollänner setzt sech an enger spannender Course virum Lewis Hamilton a Lando Norris duerch. No der Course gouf et awer nach zwou Disqualifikatiounen.
De Max Verstappen konnt nieft dem Sprint um Samschdeg och de Grand Prix um Sonndeg gewannen. De Red-Bull-Pilot huet sech vun der 6. Positioun bis ganz no vir geschafft a konnt sech um Enn virum Lewis Hamilton an dem Lando Norris behaapten.
De Lando Norris hat sech direkt beim Start déi éischt Positioun vum Charles Leclerc gekroopt a louch laang un der Spëtzt. An der Hallschent vun der Course hu sech den Norris an de Verstappen en haarde Kampf geliwwert, mat dem besseren Enn fir den alen an neie Weltmeeschter. Ab der 28. Ronn huet den Hollänner d'Course ugeféiert, huet sech awer bis zum Schluss méi schwéier gedoen, wéi an de leschte Courssen.
No engem versichten Undercut vu McLaren huet Red Bull reagéiert, sou dass de Verstappen virum Norris blouf. De Lewis Hamilton konnt am weidere Verlaf vu méi neie Pneue profitéieren an huet den Norris 8 Ronne viru Schluss nach ofgefaangen.
Net op de Podium huet et de Carlos Sainz am éischte Ferrari gepackt, dee sech virum Sergio Perez agereit huet. De Pole-Setter Charles Leclerc koum no senger 21. Pole Position an enger Ee-Stopp-Strategie just op déi 6. Plaz. Den zweete Mercedes-Pilot George Russell gouf 7. an och de Pierre Gasly, de Lance Stroll an de Yuki Tsunoda kruten nach Punkten.
Nokontroll bréngt schlecht Noriichte fir Hamilton a Leclerc
An der technescher Nokontroll ass bei den Autoe vum Lewis Hamilton a Charles Leclerc festgestallt ginn, dass hiren Ënnerbuedem net konform ass. D'Buedemplack muss eenheetlech 10mm déck sinn (+/- 0,2mm, wa se nei ass. Akzeptéiert gëtt eng Déckt vun 9mm als Konsequenz vu Verschläiss. Dës Moosse goufen net agehalen, wouduerch béid Piloten nodréiglech disqualifizéiert goufen.
De Lando Norris réckelt domat op Plaz 2 no vir, de Carlos Sainz op Plaz 3. Och hannert dem Leclerc réckele weider Piloten no vir, wouduerch déi zwee Williams-Piloten Alexander Albon a Logan Sargeant an d'Top10 noréckelen.
Fir de Sargeant ass et da bei senger Heemcourse an den USA säin éischte Punktgewënn an der Formel 1.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.