Firwat goufen de Lewis Hamilton an de Charles Leclerc disqualifizéiert?

© SID/CHANDAN KHANNA
Ee Millimeter ze wéineg kann an der Formel 1 heiansdo deier ginn.
Dat kruten de Britt Lewis Hamilton op Mercedes an de Monegass Charles Leclerc op Ferrari nom Grousse Präis vun den USA zu Austin ze spieren. No der Course huet d'Technesch Kommissioun vun der FIA, der internationaler Automobilsportfederatioun, nämlech festgestallt, datt d'Autoe mat der Nummere 44 respektiv 16 géint d'Reegele verstouss hunn.
De Lewis Hamilton, deen den Zweete war, an de Charles Leclerc als 6., goufen nodréiglech wéinst dem Ënnerbuedem vun hirem Auto disqualifizéiert. Dozou den RTL Formel 1 Expert Dominique Riefstahl:
"Konkret heescht dat, datt ënnert all Auto an der Formel 1 en Holzbriet gepecht ass, datt 10 Millimeter déck ass, a wann dat op iergend enger Plaz méi wéi 1 Millimeter ofgenotzt ass, ass den Ënnerbuedem als illegal consideréiert. An dësem Fall waren da beim Lewis Hamilton a beim Charles Leclerc iergendanzwousch op deem Holzbriet, wat d'ganz Längt vum Auto huet, iergendanzwousch eng Plaz wou méi wéi 1 Millimeter ofgenotzt war."
D'Fro, déi sech vill Formel 1 Supporter no der Disqualifikatioun vum Mercedes a vum Ferrari-Pilot gestallt hunn ass, wisou dee Problem dann elo grad dëse Weekend opgedaucht ass:
"Bei engem Sprint-Weekend ass nëmmen eng Seance fir Essaie vun enger Stonn. Do duerno mussen sech d'Ingenieuren eens ginn, wéi déif si riskéieren, den Auto anzestellen. Wat den Auto méi déif ass, wat den Auto méi dacks mam Buedem a Kontakt kënnt a wat ee méi Ofnotzung vum deem Briet ënnert dem Auto kritt. Dat heescht, si mussen dann entscheeden, wéi déif datt si den Auto wëllen astellen, fir datt e souwuel de Qualifying, wéi och déi zwou Sprint-Seancen an d'Course komplett ka fueren, ouni datt den Ënnerbuedem ze vill ofgenotzt gëtt, déi iwwert déi 1-Millimeter Marge erausgeet. Dat heescht, du muss eng relativ gutt Virschau hunn, vun deem wat ka passéieren, a wann een sech do e bëssen iert, da kann een op der illegaler Säit landen."
Hannert dem Weltmeeschter Max Verstappen, deen e Sonndeg seng 50. Course an der Formel 1 gewonnen huet, ass de Lando Norris op Mc Laren, deen an der Course als drëtten iwwert d'Zillinn gefuer ass, elo am definitive Klassement den Zweeten. De Carlos Sainz op Ferrai kritt dann nach nodréiglech d'Coupe vum Drëtten.
De Weekend deen elo kënnt, geet et schonn direkt weider. Beim Grousse Präis vu Mexiko ass dann awer nees dat klassescht Format mat Freides den zwee fräien Trainingen, Samschdes dem drëtte fräien Training an der Qualifikatioun. Sonndes ass da wéi gewinnt dem Grand Prix. Mat RTL Lëtzebuerg verpasst Dir natierlech net, ob de Max Verstappen e weidere Rekord mat 16 Victoiren an enger Saison brécht.