An der Formel 1 si mer matten dran am Triple Header, dat heescht 3 Courssen op 3 Weekender hannerteneen.

No Austin an den USA a viru Brasilien ass d'Kinneksklass vum Automobilsport dëse Weekend a Mexiko. Nieft dem Heemspill fir de Sergio Perez op Red Bull ass et awer och d'Fro, ob de Piloten nees esou e Mëssel ka geschéie wéi virun enger Woch, wou eng holze Plack um Ënnerbuedem vum Lewis Hamilton sengem Mercedes a vum Charles Leclerc sengem Ferrari ze vill ofgenotzt waren an doduerch déi Zwee nodréiglech disqualifizéiert goufen.

Virschau Formel 1 a Mexiko/Reportage Franky Hippert

Esou eppes kann natierlech bei all Course geschéien. Zu Austin war dat awer schonn eng speziell Situatioun, well een éischtens eng extrem knubbeleg Streck huet an zweetens et e Sprint-Weekend war, op deem ee just ee fräien Training huet, fir den Auto anzestellen. Um Autodromo Hermanos Rodrigues zu Mexiko City ass awer elo nees e sougenannten normalen Oflaf vun engem Formel-1-Weekend mat 3 fräien Trainingen, der Qualifikatioun an dem Grand Prix, an do ass de Risk, datt esou eppes wéi an den USA geschitt méi kleng, seet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl.

De Circuit läit op 2.285 Meter iwwert dem Mieresspigel, dat ass déi héchst Altitude am Formel-1-Kalenner. Et ass gewosst, datt an der Héicht d'Loft méi dënn ass, dat spillt natierlech fir Mënsch a Maschinn eng Roll.

De Sergio Perez huet säin Heem-Grand-Prix. De Red-Bull-Pilot huet natierlech ganz vill Supporter op senger Säit. Virun enger Woch waren och scho vill Fans vum Mexikaner zu Austin an déi hunn dem Perez säin Equipier, de Max Verstappen, bei deem senger Victoire ausgebuht. Zu Mexiko City huet den Hollänner souguer zwee Bodyguarden u senger Säit. Dat Ganzt dierft den dräifache Weltmeeschter awer zimmlech kal loossen, dovu geet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl aus.

D'lescht Joer huet de Max Verstappen sech jiddwerfalls zu Mexiko City net aus der Rou brénge gelooss. De 26 Joer alen Hollänner, deen dëse Weekend seng 16. Course vun der Saison kéint gewannen an da säin eegene Rekord géif verbesseren, war zejoert souwuel an der Qualifikatioun wéi och herno am Grand Prix dee Séiersten.

A wéi et dann dëse Weekend geet, gitt dir natierlech nees bei eis op RTL Lëtzebuerg gewuer. Déi zwee éischt fräi Traininge sinn de Freideg den Owend um 20.30 Auer, respektiv um Hallefnuecht mam Commentaire vum Tom Hoffmann ze gesinn op RTL.lu an op RTL Play. Den drëtte fräien Training ass e Samschdeg den Owend um 19.30 Auer. D'Qualifikatioun fänkt e Samschdeg den Owend um 23 Auer un an ass op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee, genee esou wéi e Sonndeg de Grand Prix. Lass geet et mat eisem Virprogramm um 20.30 Auer, den Depart vun der Course ass dann um 21 Auer.