De Charles Leclerc geet virum Carlos Sainz an de Grand Prix vu Mexiko. De Weltmeeschter Verstappen gouf Drëtten, virum Daniel Ricciardo.

Et ass en ongewinnt Bild an dëser Saison: zwee Ferrarien an der éischter Startrei. De Charles Leclerc war e puer Honnertstel méi séier wéi säi Coequipier Carlos Sainz an huet sech déi zweet Pole Position hannertenee geséchert. Schonn zu Austin an den USA war de Ferrari-Pilot vun der éischter Plaz an d'Course gaangen. Et ass déi 22. Pole Position fir de Monegass.

De Max Verstappen geet vun der drëtter Positioun an d'Course, virum Daniel Ricciardo op AlphaTauri, dee fir déi Iwwerraschung vum Qualifying gesuergt huet. De Lokalmatador Sergio Pérez start vu Positioun 5.

Fir e weideren erfreeleche Moment huet Alfa Romeo gesuergt. Et war eréischt déi zweet Kéier an dëser Saison, dass béid Autoen am drëtten Tour vun der Qualifikatioun stoungen. De Valteri Bottas geet als 9. an de Zhou Guanyu als 10. an d'Course.

Fir de Fernando Alonso war et déi 13. Positioun am Qualifying an domat déi zweet Kéier hannerteneen, dass hien net an de Q3 koum.

De Lando Norris, deen zu Austin nach Zweete gouf, geet e Sonndeg wéinst technesche Problemer just vun der 19. Plaz an d'Course. Och de Lance Stroll am Aston Martin gouf am éischten Tour eliminéiert a steet eng Plaz virum Lando Norris.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023