Succès an neie Rekord fir de Max Verstappen

© Claudio Cruz/AFP
De Max Verstappen huet beim Grousse Präis vu Mexiko fir d'16. Kéier an dëser Saison gewonnen an domadder e weidere Rekord an der Formel 1 opgestallt.
De Podium gouf vum Lewis Hamilton (Mercedes) a vum Charles Leclerc (Ferrari) komplettéiert. De Verstappen huet sech direkt nom Start un d'Spëtzt vun der Course gesat a gouf dono net méi ageholl, och wann d'Course no engem Accident vum Magnussen kuerz ënnerbrach gi war. Fir de Lokalmatador Sergio Perez war et eng enttäuschend Course. An der éischter Kéier huet de Mexikaner de Leclerc beréiert an huet doropshi missen opginn. Den Daniel Ricciardo ass op sengem Alpha Tauri eng gutt Course gefuer a gouf de 7..
Kuckt hei déi ganz Course op RTL Play!
De Verstappen huet sech nom Start direkt laanscht déi 2 Ferrari-Pilote geschafft an d'Féierung iwwerholl. De Leclerc hat no der Beréierung mam Perez e Problem um Frontflillek, ass awer weidergefuer an op der 2. Plaz bliwwen. Hannendru louchen de Sainz, den Hamilton an de Ricciardo. E grousse Sprong no vir ass dem Hülkenberg gelongen, dee vun der 12. op déi 8. Plaz no vir gefuer ass.
An der Suite huet sech de Leader Ronn fir Ronn ofgesat an och op de Plazen hannendru goufen et keng gréisser Changementer. No den éischte Boxestopps ass et dem Hamilton gelongen, laanscht de Sainz op déi 3. Plaz ze fueren. An der 35. Ronn gouf no engem Crash vum Kevin Magnussen de roude Fändel gewisen an d'Course ënnerbrach. Dem Pilot war awer näischt geschitt.
Nom Restart huet sech am Ufank un den éischte 4 Positiounen näischt geännert. Profitéiert hunn awer d'Mercedes-Piloten: Den Hamilton konnt de Leclerc iwwerhuelen a war den Zweeten, de Russell hat sech op déi 5. Plaz verbessert. De Verstappen huet sech nees ofgesat a gouf bis zum Schluss net méi ageholl. Den Zweekampf tëschent Mercedes a Ferrari op de Plazen 2 bis 5 war spannend. Um Enn huet sech den Hamilton virum Leclerc an dem Sainz behaapt. An de leschte Ronnen huet de Russell seng 5. Plaz un de Lando Norris missen ofginn. Den Norris ass eng excellent Course gefuer an huet sech vun der 17. Plaz op déi 5. no vir geschafft. Fir Aston Martin war et e Weekend fir ze vergiessen. Béid Piloten hu missen opginn.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.