Sergio Perez kënnt bei Red Bull ëmmer méi ënner Drock

De Sergio Perez ass zum Ufank vun der Course accidentéiert. / © AFP/Alfredo ESTRELLA
127 Millioune Mexikaner hate gehofft, datt hire Sergio Perez eng éischte Kéier de Grousse Präis vu Mexiko-City géif gewannen.
Den 33 Joer ale Red Bull Pilot wär domat och deen éischte Mexikaner, deem dat iwwerhaapt gelonge wär, fir bei sengem Heem-Grand Prix ganz uewen um Podium ze stoen. Den Dram ass e Sonndeg den Owend spéit awer séier an en Albdram ëmgeschloen.
Vun der Startlinn um Autodromo Hermanos Rodriguez bis bei den éischte Bremspunkt sinn et 811 Meter. No 17 Sekonne war fir de Sergio Perez, dee vun der 5. Plaz an d'Course gaangen ass, no engem iwwerstierzten Iwwerhuelmanöver eriwwer an engem Accrochage mam Charles Leclerc op Ferrari eriwwer. De Max Verstappen feiert eng Victoire där anerer, den zweete Red-Bull-Pilot ass an de leschte Méint awer ze onkonstant a kënnt mat deem Mëssel vun e Sonndeg natierlech nach méi ënner Drock, seet den RTL Formel 1 Expert Dominique Riefstahl, deen och net ausschléisst, datt d’nächst Saison den Daniel Ricciardo oder de Yuki Tsunoda am zweete Red Bull géife setzen.
De Max Verstappen huet e Sonndeg seng 16. Course an der Saison gewonnen, an domat säin eegene Rekord mat de meeschte Succèsen an engem Joer verbessert. Fir de Rescht war den 19. Grand Prix vun der Saison am Endeffekt eng extrem strategesch Course tëscht Mercedes a Ferrari, mam besseren Enn fir de Lewis Hamilton um Mercedes.
Am Weltmeeschterschaftsklassement huet de Lewis Hamilton op Mercedes, deen e Sonndeg Zweete gouf, elo, dräi Course viru Schluss, just nach 20 Punkte Retard op de Perez. Wann de Mexikaner de Vizeweltmeeschtertitel bei de Piloten effektiv nach géif verpassen, da kéint et enk gi fir d'nächst Saison nach am Red Bull ze setzen.
Lo de Weekend geet et scho weider mam Grousse Präis a Brasilien zu Interlagos. Dat ass dann nees e Grand Prix am Sprint-Format, an op RTL Lëtzebuerg kënnt der dat natierlech Live suivéieren.