Nees eng Course fir Mercedes oder weider Dominanz vu Red Bull?

© AFP
An der Formel 1 geet den Triple Header, dräi Courssen an Zäit vun dräi Weekender um Stéck, e Sonndeg mam Grand Prix vu São Paulo a Brasilien op en Enn.
A genee wéi virun zwou Wochen zu Austin an den USA steet och dës Kéier nees e Sprint um Programm. Dobäi stelle sech dëse Weekend zwou Froen: Firwat war de Circuit zu Interlagos, zanter datt et de Sprint gëtt, nach all Kéier dobäi? A ka Mercedes d'Victoire vum leschte Joer um Autodromo José Carlos Pace widderhuelen?
D'lescht Saison konnt den George Russell zu São Paulo säin éischten a bis dato eenzege Grand Prix an der Formel 1 gewannen. Et ass och bis elo déi lescht Victoire fir Mercedes. Duerno huet déi erstaunlech Serie vum Max Verstappen a Sergio Perez ugefaange mat 19 Victoiren an deene leschten 20 Courssen. Dës Saison dierft et fir déi zwee Mercedes-Piloten Russell an Hamilton awer méi schwéier ginn, d'Dominanz vun Red Bull ze briechen, esou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Rieftstahl, och wa Mercedes a McLaren e bësse méi no kommen a Ferrari virun allem an der Qualifikatioun eng Roll kéint spillen.
2021 ass d'Sprint-Format an der Formel 1 agefouert ginn. An deenen dräi Joer ass den Autodromo José Carlos Pace als Eenzegen nach all Kéier dobäi gewiescht. Dat huet domat ze dinn, datt et eng Rei Kéiere ginn, an deenen ee gutt iwwerhuele kann.
Virun enger Woch war de Formel-1-Zirkus nach zu Mexiko-City op enger Héicht vun 2.285 Meter iwwert dem Mieresspigel. Zu São Paulo ass een elo op ronn 800 Meter. Dat ass déi zweethéchsten Altitude vun der Saison. Dat Ganzt spillt awer elo keng esou eng grouss Roll wéi nach a Mexiko, seet de fréiere Mercedes-Formel-1-Ingenieur Dominique Riefstahl. Méi wichteg ass, am zweete Secteur vun Ufank un an de Kéieren am richtege Flow ze sinn. Wann een déi eng Kéier net richteg geréit, dann ass een och schlecht placéiert fir déi nächst.
Dräi Coursse viru Schluss dominéieren nach zwou Froen, an zwar wie gëtt Vizeweltmeeschter bei de Piloten, de Sergio Perez oder de Lewis Hamilton, a wie kritt déi zweete Plaz bei de Konstrukteuren, Mercedes oder Ferrari. Dat gesi mer dann no deenen nächsten dräi Grand Prixen. Gewosst ass jo, datt de Max Verstappen säin 3. WM-Titel konnt feieren, an datt Red Bull bei de Konstrukteuren net ze schloe war.
D'Course kënnt der wéi gewinnt um 2. RTL an och op RTL.lu suivéieren.
Programm
Fräien Training, Livestream op RTL.lu an um RTL Play
Freideg, 3. November 2023: 15h25 – 16h35
Commentaire: Tom Hoffmann
Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE op RTL.lu an um RTL Play
Freideg, 3. November 2023:
Ufank vun der Emissioun: 18h55
Start vun der Qualifikatioun: 19h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 20h10
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Shootout, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE op RTL.lu an um RTL Play
Samschdeg, 4. November 2023:
Ufank vun der Emissioun: 14h55
Start vum Shootout: 15h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 16h55
Commentaire: Tom Hoffmann a Franky Hippert
Sprint, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE op RTL.lu an um RTL Play
Samschdeg, 4. November 2023:
Ufank vun der Emissioun: 19h15
Start vum Sprint: 19h30
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 20h20
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl
Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE op RTL.lu an um RTL Play
Sonndeg, 5. November 2023:
Ufank vun der Emissioun: 17h30
Depart vun der Course: 18h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 20h00
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl