De McLaren-Pilot klasséiert sech virum Max Verstappen an dem Sergio Pérez. Hannendru stinn den George Russell an de Lewis Hamilton op Mercedes.

De Lando Norris war am Shootout zu Interlagos de Séiersten a geet domat vun der Pole Position an de Sprint um Samschdegowend. Et war säi bescht Resultat an engem Shootout bis elo. Hie steet da virun de Red-Bull-Pilote Max Verstappen a Sergio Pérez. Hannendru kommen dann den George Russell an de Lewis Hamilton.

De Yuki Tsunoda realiséiert eng vu senge beschte Placéierungen an engem Qualifying a steet virum Charles Leclerc op der Plaz 6. Den Daniel Ricciardo, de Carlos Sainz an den Oscar Piastri komplettéieren d'Top 10.

Am éischten Tour war ënner anerem scho fir de Lance Stroll  an den Alexander Albon Schluss, nodeem den Esteban Ocon säin Auto no enger Touchette mam Fernando Alonso an d'Leitplank gesat hat an den éischte Shootout virzäiteg op en Enn goung. Den Alonso krut säin Auto dobäi sou beschiedegt, dass hien am SQ2 keng Ronn fuere konnt a soumat vun der 15. Plaz an de Sprint (Samschdeg, 19.30 Auer) wäert goen. Béid Haas-Piloten, de Pierre Gasly an de Vallteri Bottas haten et och net an den drëtten Tour gepackt.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 ROLEX GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023