De Max Verstappen hat dem Lando Norris schonn no e puer Meter déi éischt Positioun ofgeknäppt. De Sergio Pérez komplettéiert de Podium.

De Max Verstappen huet quasi eng Start-Zil-Victoire gefeiert. Schonn an der éischter Kéier konnt den Hollänner dem Lando Norris déi éischt Plaz ofhuelen an huet déi Positioun bis zum Schluss net méi hierginn. De McLaren-Pilot huet déi zweet Plaz bis zum Schluss souverän virum Sergio Pérez verdeedegt.

Den George Russell konnt seng véiert Positioun vum Start an d'Zil retten, dat virum Charles Leclerc an dem Yuki Tsunoda op AlphaTauri. Den Tsunoda huet de Lewis Hamilton hannert sech gelooss an dem Rekordweltmeeschter domat e puer Punkten am Kampf ëm d'Vize-Weltmeeschterschaft ofgeknäppt. De leschte Punkt am Sprint krut de Carlos Sainz.

E Sonndeg steet dann de Grand Prix vu Sao Paulo um Programm, deen Dir ab 17.30 Auer op RTL ZWEE, RTL.lu an RTL Play suivéiere kënnt.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 ROLEX GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023