Max Verstappen wënnt och a Brasilien

© AFP
Fir den Hollänner am Red Bull ass dat déi 17. Victoire an der lafender Saison.
Op déi zweete Plaz kënnt de Lando Norris am McLaren an de Podium komplettéiert de Fernando Alonso am Aston Martin. De Max Verstappen war déi komplett Course ouni gréisser Gefor un der Spëtzt. Nieft dem Charles Leclerc, deen duerch en Accident bei der Aféierungsronn net mat un den Depart gaangen ass, si fënnef weider Piloten no 71 Ronnen net iwwert d'Zillinn gefuer. Dorënner den Alex Albon, Kevin Magnussen, Guanyu Zhou, Valtteri Bottas an den George Russell.
Resumé
Déi éischt Sortie ass et dëse Sonndeg scho virun der Course ginn. No Problemer mat der Elektronik huet de Charles Leclerc an der Aféierungsronn d'Kontroll iwwert säin Auto verluer a konnt no der Kollisioun mat der Mauer net méi un den Depart goen. Laang huet et zu Interlagos dann och net gedauert, bis d'Course duerch e Roude Fändel ënnerbrach gouf. Kuerz nom Depart gouf den Hülkenberg vum Albon a Magnussen an d'Zaang geholl, wouropshin den Thailänner am Williams an den Dän am Haas accidentéiert sinn. Op Grond vu Reparatiounsaarbechten an der éischter Kéier ass d'Course da fir eng knapp hallef Stonn ënnerbrach ginn.
Beim zweeten Depart krut de Verstappen sech vir gehalen, och den Norris konnt hannendru seng zweet Plaz sécheren. Op drëtter Positioun ass et dem Alonso gelonge laanscht den Hamilton ze zéien. D'Opreegung aus der Ufanksphas vun der Course war domat mol iwwerstanen. Hannert dem Spuenier am Aston Martin huet sech fir déi nächst Ronnen e spannend Duell ënnert fënnef Pilote ugedeit. Béid Mercedes-Piloten, de Sergio Perez, Lawrence Stroll an och de Carlos Sainz waren hei net all ze wäit vunenee fort. Un der Spëtzt huet sech wärenddeem de Lando Norris un de Max Verstappen ugeschlach, dat awer ouni Succès.
No e puer Ronnen ass et dem Sergio Perez gelongen, sech laanscht béid Mercedes ze setzen. Virun allem mam George Russell huet de Mexikaner sech en zéit Duell geliwwert. Den Teamkolleeg vum Max Verstappen hat domat awer nach net genuch. No an no huet hie sech weider no vir gekämpft a sou ass et an der leschter Ronn nach bal gelonge sech eng Plaz um Podium ze sécheren. De Fernando Alonso hat do awer eppes dogéint a krut seng drëtt Plaz knapps iwwert d'Arrivée bruecht.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.