D'Pilotin Jessica Hawkins fiert bei de grousse Grand Prixe mat
Et wier e groussen Ament fir d'Brittin, déi ënnert anerem och schonn emol als Stuntfra fir den James Bond am Asaz war.
2024 ass e grousst Joer fir d'Formel 1. Déi 10 Ecurië benennen eng weiblech Pilotin fir d'Frae-Serie. "F1 Academy" gëtt se genannt, wou d'Fraen an engem Formel-4-Auto bei de grousse Grand Prixe kënne matfueren. Eng absolut Première fir den Automobilsport.
D'Jessica Hawkins ass eng vun den nominéierte Pilotinnen. Virun e puer Wochen ass der 28 Joer jonker Fra, déi och schonn als Stuntfra fir den James Bond am Asaz war, hire gréissten Dram an Erfëllung gaangen. "Et ass e groussen Ament fir mech, mä och fir d'Ekipp, an et ass e groussen Ament fir de Fraesport. An ech menge fir all Fraesport. Egal a wéi engem Beräich si mir amgaangen ze wuessen a mir weisen, dass mir genee sou vill Grënn hei hunn, fir hei ze si wéi d'Männer. Dofir hoffen ech, dass dat heiten deen éischte Schratt ass, fir méi Fraen an d'Formel 1 ze kréien."
Op der Formel-1-Streck an Ungarn, um "Hungaroring", huet d'Jessica Hawkins den Aston Martin AMR21 26 Ronne laang dierfen testen. Ma einfach dra sëtzen a lass fueren, sou einfach ass dat net. Vill Schweess an eng akribesch Virbereedung am Simulator huet si hannert sech: "Et ass eppes, wou ech Zäit hat, fir mech mental drop virzebereeden. Ech sinn zanter 3 Joer elo am Team. An ech mengen, dat weist einfach, wéi vill si mir vertrauen an och wéi vill si wëllen, dass ech weiderkommen. A mir gëtt et d'Méiglechkeet, fir hinnen ze weisen, wisou dass si mir déi Plaz ginn hunn a wéi vill si mir domadder erméiglechen."