Gëtt Resultat vum Grousse Präis vun Amerika op d'Kopp gehäit?

Track Limits sinn nees en Thema an der Formel 1. D'Ecurie Haas wëll, dass verschidde Fäll vum Grousse Präis vun Amerika zu Austin ënnersicht ginn.
No der Course goufen et Rumeuren, dass verschidde Piloten express Track Limits vum COTA-Circuit net agehalen hätten, well si festgestallt hunn, dass verschidde Kéiere vun der FIA net gutt genuch iwwerwaacht goufen. Dëse Manktem un Iwwerwaachung huet FIA an Tëschenzäit och zouginn. Wéi dës Nouvelle op d'Tapéit komm ass, huet déi amerikanesch Ecurie Haas doropshin Onboard-Videoen ausernee gepléckt, fir Beweiser ze sammelen, fir esou vum sougenannten "Right of Review" Gebrauch ze maachen. Konkret geet et ëm de Sergio Perez vu Red Bull, den Alexander Albon an de Logan Sargeant vu Williams an och de Lance Stroll vun Aston Martin soll betraff sinn.
Ouni Grond entaméiert Haas esou Schrëtt natierlech net, well wann nodréiglech Strofe fir dës uewegenannte Pilote wéinst engem Verstouss vun den Track Limits géifen ausgeschwat ginn, géif den Nico Hülkenberg, also hire Pilot, dovu profitéieren an a Punkten norutschen.
An éischter Instanz geet et awer just drëms ze kucken, ob et sech wierklech ëm relevant nei Beweiser handelt, déi zum freien Zäitpunkt nach net virlouchen. Dës Unhéierung ass e Mëttwoch den 8 November 2023 um 15 Auer. Sollte Stewards zur Decisioun kommen, dass et sech wierklech ëm nei Elementer handelt, gëtt et eng Suite. En Datum vun der zweeter Auditioun steet awer nach net fest.