Déi amerikanesch Ecurie Haas huet an deenen leschten Deeg vill vu sech schwätze gedoen.

Net wéinst der nächster Course, déi zu Las Vegas gefuer gëtt, mee well Haas d’Resultat vum Grousse Präis vun Amerika wollt op d'Kopp geheien. Et goufen jo Donnéeë gesammelt an Onboard-Videoen auserneegepléckt, well direkt e puer Piloten géint d'Track Limits solle verstouss hunn. Déi Verstéiss sinn awer wärend der Course net sanktionéiert ginn. Cibléiert waren d'Pilote Sergio Perez vu Red Bull, den Alexander Albon an de Logan Sargeant vu Williams an de Lance Stroll vun Aston Martin. Falls déi Piloten nodréiglech eng Strof ausgeschwat kritt hätten, wier den Nico Hülkenberg an Punkten nogeréckelt.

D'Stewards hunn an hirer Begrënnung matgedeelt, dass de "Right of Review" refuséiert ginn ass, well et sech net ëm wesentlecht an neit Material géif handelen.

Dës Decisioun ass definitiv an den Dossier gëtt klasséiert. Domat bleift d'Resultat vum Amerika Grand Prix onverännert.