Wéi gesäit d'Zäit no engem Triple header a viru Las Vegas aus?

© SID/NELSON ALMEIDA
Déi lescht dräi Weekender hat de ganze Formel 1 Zirkus mat dräi Grand-Prixen hannerteneen en intensive Programm.
Lo ass e puer Deeg Paus, an da komme vum nächste Weekend un nach déi zwou lescht Coursse vun der Saison, och nees um Stéck. Ma wéi gesäit déi Zäit fir Piloten, Ingenieuren a Mecanicien dertëscht aus? De Franky Hippert huet bei eisem RTL Formel 1 Expert a fréieren F1-Mercedes Ingenieur Dominique Riefstahl nogefrot.
Austin an den USA, Mexiko-City, a Sao Paulo a Brasilien - dräi Courssen an Zäit vun dräi Weekender waren eng Erausfuerderung fir Mënsch a Maschinn. Fir déi Deeg no esou engem Triple header, wéi dräi Grand Prixen um Stéck genannt ginn, ginn et ënnerschiddlech Aart a Weisen, jee no Funktioun fir domat ëmzegoen, seet den Dominique Riefstahl:
"Fir d'Piloten ass fir d'éischt Recuperatioun ugesot. Bei de Mecanicien ass 1-2 Deeg fräi, an esoubal d'Fracht erakomm ass, da maache si d'Maintenance vum Auto. Fir d'Ingenieuren ass Méindes den Debrief gewiescht, wou ee kuckt wat an der leschter Course passéiert ass, an Donneschdeg ass dann e grousse Revue mat all den Departementer, déi sech ëm d'Performance vum Auto këmmert."
Lo ass dëse Weekend Paus, an da kommen nach d'Courssen zu Las Vegas an direkt hannendrun déi vun Abu Dhabi. De Grand Prix am Weste vun den USA, ass op deem Circuit dobäi och nach eng Première. "D'Ingenieuren, déi hunn elo an de nächsten Deeg nach all Hänn voll ze dinn", seet den RTL-Formel-1-Expert.
"Do sinn d'Piloten sécher scho virum Triple header bei den Ekippe gewiescht, si sinn am Simulator gefuer, fir de Circuit ze léieren, fir de Set-up schonn e bëssen erauszefueren. Wat sécher net gemaach gëtt, ass, datt d'Piloten zeréck an Europa kommen."D'Formel 1 versprécht, datt de Grousse Präis vu Las Vegas déi gréisste Show gëtt, déi et jee an der Kinneksklass vum Automobilsport gouf. Den Depart vum Grand Prix an der "Sin City", der Stad vun der Sënn, wéi Las Vegas nach genannt gëtt, ass e Sonndeg den 19. November Moies um 7 Auer.
Hei an Europa ginn dat also nees Fréibiren. Op RTL Lëtzebuerg kënnt Dir d'Formel 1 natierlech nees Live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee, an um Internet op rtl.lu an op rtlplay suivéieren.