RTL Lëtzebuerg verlängert d'Diffusiounsrechter fir d'Formel 1® bis 2026

Duerch d'Verlängerung vun der Partnerschaft mat der Formel 1® wäert RTL och wärend den nächsten dräi Saisonen all Trainingen a Qualifyings, F1-Sprints a Grand Prixe mat Commentaire op Lëtzebuergesch op RTL Zwee an RTL Play diffuséieren.
Zanter der Acquisitioun vun den Diffusionsrechter fir d'FIA Formula 1 World Championship™ am Joer 2021, huet RTL Lëtzebuerg e grousse Succès mat senger breeder Couverture iwwer RTL Télé Lëtzebuerg an der digitaler Plattform RTL Play.
Serge Pauly, Kommentator a Koordinator vun der Formel 1® op RTL, seet:
"Eis Kommentatorenteam, mam Franky Hippert, Tom Hoffmann, Dominique Riefstahl a mir, ass immens houfreg dorop, dës aussergewéinlech Aventure mat der gréisster Motorsportscompetitioun op der Welt weiderzeféieren. Mir freeën eis dorop, weiderhin dat spannend Live-Erliefnis vun all Grand Prix mat der riseger Fancommunautéit zu Lëtzebuerg ze deelen."
Christophe Goossens, CEO vun RTL Lëtzebuerg:
"D'Formel 1® ass an deene leschte Joren e wichtege Bestanddeel vun eise Programmer ginn mat iwwer 20 Rendez-vousen am Joer. D'Ekipp huet déi lescht Joren vill Energie dragestach, fir wierklech e Produit ze presentéieren, deen ee ganz breede Public uschwätzt. Dofir sinn ech extrem frou, datt mer de Kontrakt ëm dräi weider Joer konnte verlängeren, fir eisem Public déi Courssen an den nächst Jore kënnen ze presentéieren. D'Formel 1® ass een Deel vun eiser Sportoffer, nieft nationalem Sport, Futtball, Vëlo an nach anere Competitiounen, déi mer weisen an déi einfach maachen am Gesamten, datt mer als RTL eng relativ unique Sportoffer fir e generalistesche Sender an Europa hunn."
Steve Schmit, Content Director vun RTL Lëtzebuerg:
"Mat der Arrivée vun der Formel 1® am Joer 2021 huet RTL seng Positioun als féierende Sportsmedia zu Lëtzebuerg gestäerkt. Den neie Kontrakt fir déi nächst dräi Saisone wäert eis hëllefen, eng Free-TV-Offer weiderzëentwéckelen, déi praktesch eenzegaarteg an Europa ass. Duerch d'Formel 1® konnte mir eis Quoten an allen Zilgruppen, och bei deene jonke Spectateure steigeren."
Michaella Snoeck, Cheffin fir Medierechter bei der Formel 1®:
"Elo wou d'Saison 2023 bal fäerdeg ass, ass et fir eis eng grouss Freed ze annoncéieren, dass d'Formel 1® seng Partnerschaft mat RTL Lëtzebuerg fir dräi weider Saisone verlängert huet. Mir freeën eis dorop, eis Collaboratioun mat RTL weider auszebauen an eise passionéierte Fans zu Lëtzebuerg dat bescht visuellt Erliefnis ze bidden, dat si verdéngen."

Vun der nächster Saison u wäerten all 24 Grand Prixe vun der FIA Formula 1™ World Championship™ 2024, inklusiv Qualifying, F1-Sprint a Grand Prixen, live op RTL ZWEE an op RTL Play mat Commentaire op Lëtzebuergesch iwwerdroe ginn. All Evenementer wäerte 7 Deeg laang als Replay op RTL Play disponibel sinn.