Max Verstappen op en Neits ganz uewen um Podium

© AFP
An der 21. Course ass et dem Max Verstappen seng 18. Victoire. Mam Hollänner um Podium stinn de Charles Leclerc an de Sergio Perez.
An enger animéierter Course mat villen Iwwerhuelmanöver an zwou Safety-Car Phasen ka sech um Enn dann awer alt nees de Max Verstappen als Gewënner feiere loossen. Hannendrun klasséieren sech de Charles Leclerc an de Sergio Perez. De Fransous konnt sech seng 2. Plaz an der leschter Ronn géint de Perez zeréck erkämpfen. Eng formidabel Course ass den Esteban Ocon op Alpine gefuer. Vu Plaz 16 fortgefuer fiert de Fransous op déi 4. Plaz. De Lance Stroll an de Carlos Sainz komplettéieren Top 6.
Resumé
De Charles Leclerc op Ferrari ass net ideal fort komm an esou konnt de Max Verstappen lanscht de Fransous fueren an huet sech no der 1.Ronn op der 1. Plaz eromm fonnt. De Weltmeeschter op Red Bull huet dem Charles Leclerc allerdengs net vill Plaz an der eischter Kéier geloos, wouropshin d'Stewards de Virfall ennersicht hunn. Kuerz dorop krut den Hollänner eng 5-Sekonne-Strof. Hannendrun louchen de George Russell an de Pierre Gasly. Am Mettelfeld ass et iwwerdeems zu enger Kollisioun komm. Ennert anerem de Fernando Alonso an de Lance Stroll hu sech beréiert.
An der 4. Ronn ass et zu engem méi heftege Crash vum Lando Norris komm. De McLaren Pilot huet an enger laang gezunner lenks Kéier d'Kontroll iwwert säin Auto verluer an ass doropshin an d'Mauer geknuppt. De Safety-Car ass eraus komm an eng sëlleg Fuerer sinn an d'Box gefuer fir d'Pneuen ze wiesselen.
No 15 Ronnen an de Stroossen zu Las Vegas ass de Charles Leclerc ëmmer méi no un de Max Verstappen eru komm. Eng Ronn méi spéit huet de Ferrari Pilot seng 1. Plaz aus dem Qualifying nees zeréck erkämpft a konnt de Verstappen op der Linn Droite iwwerhuelen. Am Mëttelfeld konnten de Fernando Alonso an de Carlos Sainz Plaz fir Plaz gutt maachen.
25 Ronne viru Schluss ass et zu enger liichter Beréierung tëscht dem Max Verstappen an dem George Russell komm. De Safety-Car huet alt nees missen eraus op Stréck, dat well e puer kleng Stecker vun deenen zwee Autoen op der Stréck louchen. Relativ vill Fuerer sinn doropshin nees an d'Box gefuer, sou dass no 28 Ronnen de Charles Leclerc virum Sergio Perez, Pierre Gasly, Oscar Piastri an dem Max Verstappen a Féierung louch.
Un der Spëtzt vum Feld hu sech de Charles Leclerc an de Sergio Perez a flott Duell geliwwert. Am 32. Tour konnt de Red Bull Pilot de Fransous op Ferrari iwwerhuelen. 3 Ronne méi spéit huet de Charles Leclerc gekontert a konnt sech seng 1. Plaz nees zeréck erkämpfen. Hannendrun ass de Max Verstappen ëmmer méi staark ginn. Nodeems en de Sergio Perez konnt iwwerhuele war kuerz dono de Leclerc un der Réi. No 38 Ronne louch de Weltmeeschter op der 1. Plaz, virum Charles Leclerc an dem zweete Red Bull Sergio Perez.
No enger spannender leschter Ronn, bei där de Charles Leclerc de Sergio Perez nach konnt iwwerhuelen, gewënnt de Max Verstappen zu Las Vegas virum Leclerc a Perez. Hannendrun fiert de Esteban Ocon op déi 4. Plaz. De Lewis Hamilton klasséiert sech op der 7. Plaz, virum George Russell an dem Fernando Alonso.
Nächste Sonndeg steet dann déi leschte Course zu Abu Dhabi um Programm.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.