RTL Lëtzebuerg huet d'Rechter, fir eng ganz Panoplie vu Sportaarte live ze weisen, dat op der Tëlee an och online.

Wéi vill Leit d'Formel 1 an d'Futtballmatcher vun der Champions League an der Nationalekipp op RTL kucken, weist eng Etüd vun ILRES, wou 500 Leit gefrot gi sinn.

Ee Formel-1-Grand-Prix gëtt an der Moyenne vun 112.000 Residenten op der Tëlee an op RTL Play gekuckt. En Champions-League-Match op RTL zitt an der Moyenne 106.000 Leit un.

Am gréisste war den Interessi awer bei der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp. An der Moyenne hunn 126.000 Leit déi gutt EM-Qualifikatiounscampagne vun de Roude Léiwe suivéiert.