Virun 10 Joer ass de Michael Schumacher verongléckt

© AFP (Archiv)
Den 29. Dezember 2013 huet sech de Michael Schumacher bei engem Schiaccident schwéier blesséiert.
Och 10 Joer nom schwéieren Accident ass et weiderhi roueg ëm de Michael Schumacher. Dat heescht awer net, datt d'Formel-1-Ikon bei senge Fans a Vergiessenheet geroden ass. Och zéng Joer no sengem Accident léisst den Interessi net no. Säi Schicksal beweegt weider vill Leit.
D'Famill gëtt weiderhi kaum Informatiounen iwwert säi Gesondheetszoustand eraus. Och scho wärend senger Karriär huet de Michael Schumacher kaum Informatiounen iwwert säi Privatliewe mat der Ëffentlechkeet gedeelt.
Aus bescheidene Verhältnisser ass et fir de Michael Schumacher séier erop op de Formel-1-Olymp gaangen. Millioune Supporter hunn 19 Saisone laang matgeféiwert, wéi de Pilot bei Jordan, Benetton, Ferrari a Mercedes vu Succès zu Succès gefuer ass. An 307 Coursse sinn um Enn 91 Victoiren erausgesprongen, 155 Mol steet de Schumi um Podium, siwemol huet hie sech zum Weltmeeschter gekréint - alles Rekorder bis um Enn vu senger Karriär.
Mat senger extraordinärer Karriär ass den Automobilsportler zur Legend ginn. An deen Ament, wou de Michael Schumacher seng wuelverdéngt Pensioun genéisse wollt, huet ee Schiaccident zu Meribel säi Liewe fir ëmmer verännert. Zanter dem Accident, kuerz viru sengem 45. Gebuertsdag, ass fir hien a seng Famill näischt méi, wéi et emol war.
Et war géint 11 Auer, wéi et op enger Héicht vun 2.700 Meter an de franséischen Alpen zum trageschen Accident komm ass. Bei engem Schwong knapp baussent der Pist ass de fréiere Formel-1-Pilot onglécklech hänke bliwwen, huet d'Kontroll verluer an ass no vir gefall. Mam Kapp ass de Michael Schumacher op e Stee gefall, dobäi ass säin Helm gebrach. Secouriste ware séier op der Plaz. Méi spéit goufen an der Klinick zwou Gehierbluddunge festgestallt. Hie gouf zweemol operéiert a gouf an de kënschtleche Koma geluecht. Enn Januar huet d'Managerin vum "Schumi" Sabine Kehm matgedeelt, datt de Prozess, fir hien aus dem Koma ze huelen, ugefaangen hätt. Dëst kéint ganz laang daueren, heescht et. Ufank Abrëll gouf et eng weider offiziell Informatioun. De Schumacher hätt Momenter vu Bewosstsinn an Erwächen. Am Juni gëtt de Michael Schumacher an eng Rea-Klinick op Lausanne verluecht. Ufank September gëtt hien a seng Schwäizer Heemescht Gland um Genfer Séi transportéiert. D'Famill freet ëm Versteesdemech, datt seng Reeducatioun baussent der Ëffentlechkeet soll stattfannen.
De Michael Schumacher ass haut 54 Joer al. Seng Famill verréit weider näischt iwwert säi Gesondheetszoustand. Hie wär do, mä eben anescht, seet seng Fra Corinna, an dat géif hinnen all Kraaft ginn.
Nëmme Persounen, déi zum enkste Bekanntekrees zielen, wéi de fréiere Ferrari-Teamchef Jean Todt, dierfen de Michael Schumacher besichen.