Säi plëtzlechen Doud e Freideg am Alter vu 56 Joer suergt am Motorsport fir grouss Trauer.

De fréiere brasilianesche Formel-1-Sportdirekter Gil de Ferran hätt e Freideg am Alter vu 56 Joer um Bord vun enger Rennstreck am US-Bundesstaat Florida een Häerzinfarkt gehat a wier an enger Klinick un de Suitten dovunner gestuerwen, dat huet de brasilianeschen Automobilverband matgedeelt.

RTL

Gil de Ferran no senger Victoire vun de 500 Meile vun Indianapolis / © AFP (Archiv)

Als Pilot huet de Gil de Ferran ënnert anerem d'500 Meile vun Indianapolis (2003) an zweemol d'Championnat vun der US-amerikanescher CART-Serie (2000 an 2001) gewonnen. Duerno huet hien an der Formel 1 fir BAR-Honda, Honda a McLaren geschafft.