Amerikanesch Ecurie Haas trennt sech vum Günther Steiner

© AFP (Archiv)
Nach iert déi nei F1-Saison ufänkt, kritt d’US-Ecurie Haas mam Ayao Komatsu en neien Teamchef. D’Formel 1 verléiert eng Kultfigur.
De Günther Steiner gouf virun allem duerch seng Optrëtter an der Netflix-Doku-Serie "Drive to Survive" engem grousse Publikum bekannt. Seng labber Spréch an de breede südtiroler Accent hu fir ee reegelrechte Kultstatus gesuergt. Sportlech konnt den Italiener awer ni wierklech iwwerzeegen. D'Haas-Team war meeschtens um Schluss vum Peloton ënnerwee. Och 2023 koum d'US-Ecurie net iwwert déi lescht Plaz an der Tabell eraus.
Elo schéngt d'Gedold vum Patron Gene Haas um Enn ze sinn. D'Ecurie deelt um Mëttwoch mat, dass de Günther Steiner d'Team mat "effet immédiat" verléisst, an dass den Ayao Komatsu neien Teamchef gëtt. De 47 Joer ale Japaner schafft zënter 2016 fir Haas a war déi lescht Jore Chefingenieur vun der Ecurie. Den Gene Haas seet dem Günther Steiner am Communiqué Merci, mee betount, dass Haas seng Performance um Circuit verbessere misst, an dofir e richtegen Ingenieur d'Ekipp féiere soll.
Och den Techneschen Direkter Simone Resta soll d'Ecurie verlooss hunn, dat melle verschidden international Medien. Haas huet dës Informatioun nach net offiziell confirméiert.