Den F1-Kalenner 2024 war scho méi laang bekannt. Elo goufen och d'Auerzäite fir déi nei Saison verëffentlecht. Et bleiwen awer nach e puer oppe Froen.

Well d'Modalitéite fir déi sechs Sprint-Weekender nach net definéiert sinn, huet d'F1 fir déi Weekender nëmmen d'Startzäit fir de Grand-Prix sonndes bekannt ginn. Am Gespréich ass, dass freides ee fräien Training an de Shootout gefuer ginn a samschdes de Sprint plus Grand-Prix-Quali um Programm stinn. Esoubal dat neit Sprint-Format bis decidéiert ass, wäert d'F1 déi entspriechend Auerzäite kommunizéieren.

Och fir Las Vegas bleift d'F1 d'Zäiten nach schëlleg, well d'Gespréicher mat de lokalen Autoritéiten iwwert d'Stroossespären nach net ofgeschloss sinn.

Soss steet den Zäitplang ganz am Zeeche vun der Kontinuitéit. Esou kréien nëmmen dräi Sonndes-Courssen eng nei Startzäit: Australien gëtt Lëtzebuerger Zäit elo zwou Stonnen éischter wéi nach 2023 gefuer. Wien de Melbourne-Grand-Prix gesi wëll, muss sech deemno de Wecker scho fir 5 Auer moies stellen. Zu Miami gouf den Depart vum Grand-Prix ëm eng hallef Stonn vun 21.30 Auer op 22 Auer verluecht an am Katar start een elo um 18 Auer, also eng Stonn méi fréi.

Et gëtt iwwregens déi längsten F1-Saison, déi bis elo gefuer gouf. Am Kalenner sti 24 Weekender. Dat ass eng Course méi wéi nach 2023. Nodeems de China-GP déi lescht Jore wéinst der Pandemie ëmmer nees annuléiert gouf, feiert Shanghai elo säi Comeback. Zum Deel goufen d'Courssen awer am Kalenner geréckelt, fir se geographesch besser ze regroupéieren. Esou hu beispillsweis Suzuka (elo am Fréijoer) a Baku (elo am Hierscht) hire Slot getosch.

Nei ass och, dass déi zwee éischt Weekender (Bahrain a Saudi-Arabien) aus Récksiicht op de Ramadan vun donneschdes bis samschdes gefuer ginn. Den Optakt vun der neier Saison mécht deemno de Fräien Training zu Sakhir, Donneschdes den 29. Februar, um 12.30 Auer.

Dee fräien Training wäert iwwregens och live op RTL ZWEE iwwerdroe ginn. RTL Lëtzebuerg baut seng Couverture vun der F1-Saison nämlech weider aus. Fir 12 Weekender ginn d'fräi Trainingen nieft dem Stream op RTL Play an RTL.lu och live op RTL ZWEE iwwerdroen. Dat gëllt fir déi 9 europäesch Courssen an d'Courssen am Bahrain, am Aserbaidschan an zu Abu Dhabi.