Aus der Formel 1 ass et d'Nouvelle, dass de Charles Leclerc säi Kontrakt mat der Scuderia Ferrai iwwer 2024 eraus verlängert huet.

Fir wéi laang de Monegass konkret bei den Italiener ënnerschriwwen huet, ass net bekannt. Ferrari a Leclerc ass eng richteg "Love Story". 2016 ass hien an d'Ferrari Driver Academy opgeholl ginn. Eng Tëschestatioun hat den 26 Joer ale Pilot bei der Ecurie Sauber, ier hien 2019 fir d'Traditiounsecurie an de Cockpit geklommen ass. Zanterdeem stoung hien am Ferrari 23 Mol op der Pole Position.

"Ech sinn immens frou, dass ech och déi nächst Saisonen eng Ferrari-Kombi wäert undoen", esou de Leclerc an enger éischter Reaktioun no der Ënnerschrëft.

Seng beschte Platz an der Piloteweltmeeschterschaft war eng zweete Platz an der Saison 2022. Net nëmmen hien dreemt dovun de Weltmeeschtertitel, no 2007 nees op Maranello ze huelen, mee ganz Italien. Dem leschte Ferrari-Pilot, deem dat gegléckt ass, war de Kimi Räikkönen. Dowéinst ass den Objektiv vum Carles Lerclec kloer definéiert.

"Ech mengen, dass dat Bescht nach virun eis läit an ech kann et kaum erwaarden, dass d'Saison nees ufänkt, fir weider Progrèsen ze maachen a bei all Course konkurrenzfäeg ze sinn. Mäin Dram ass et, mat Ferrari d'Weltmeeschterschaft ze gewannen an ech si mir sécher, dass mir an den nächste Joren zesumme flott Momenter erliewen an eis Supporter glécklech maachen."

2024 gëtt en intressant Joer an der Formel 1, wat Pilotekarussell ugeet. Vill Kontrakter lafen nämlech an dëser Saison aus.