An der F1 wäerten och an Zukunft nëmmen 20 Autoen un den Depart goen. D’Demande vum US-Team Andretti, fir als 11. Ecurie eranzeklammen, gouf refuséiert.

Déi 10 F1-Ecurië wëllen ënnert sech bleiwen. En 11. Team wär u sech keng Plus-value fir de Sport, heescht et an engem Communiqué vun der Formel 1. Wann iwwerhaapt, kéint ee sech eng 11. Ecurie nëmme virstellen, wann déi vun Ufank u kompetitiv wier, an dat wär beim Demandeur net de Fall, well e feste Motorepartner feele géif, gëtt de Refus weider argumentéiert.

Dat amerikanescht Andretti-Team huet scho méi laang de Wonsch, 2025 an d’F1 eranzeklammen, an huet bis elo och all finanziell a reglementaire Konditiounen erfëllt. Leschten Hierscht hat de Weltverband FIA Andretti fit fir d'F1 erkläert. Dat eenzegt wat gefeelt huet, war den Accord vum F1-Promoteur an deenen 10 aktuellen Ecurien. Déi ware vun Ufank un net begeeschtert, fir hire Kuch an Zukunft duerch 11 amplaz duerch 10 ze deelen.

Andretti Motorsport zielt zu de gréissten Teams am US-Motorsport. D'Team vum fréiere McLaren-Pilot Michael Andretti huet véier Mol d'Indycar-Championat a fënnef Mol d'Course vun den Indy 500 gewonnen. Donieft ass d'Ekipp ënnert anerem an der Laangstrecke-Meeschterschaft IMSA an an der Formel-E-Meeschterschaft aktiv. Andretti ass schonn amgaangen, fir d'F1 eng eege Fabrick ze bauen, Personal ze engagéieren an éischt Prototyppen am Wandkanal ze testen.

Och de GM-Konzern ënnerstëtzt dëse Projet, mee de Cadillac-Motor ass fréistens 2028 prett. Vun 2025 bis 2028 hätt Andretti mat engem anere Motor misste fueren, mee vun den aktuelle Motoriste war kee bereet, d'US-Team fräiwëlleg ze equipéieren. D'F1 recommandéiert Andretti, nach emol unzeklappen, wa se bis en eegene Motor hätten.