Et ass dee spektakuläersten F1-Transfer vun de leschte Joren. De Lewis Hamilton verléisst no dëser Saison Mercedes fir bei Ferrari ze wiesselen.

Am Laf vum Dag goufen d’Rumeuren, de Lewis Hamilton kinnt bei Ferrari wiesselen, ëmmer méi haart. Eng offiziell Confirmatioun stoung an enger éischter Phase nach aus, mee am fréien Nomëtteg gouf d’Personal an der Mercedes-Fabrick zesummegeruff. Si krute wuel annoncéiert, dass den Transfert effektiv méi wéi nëmmen eng Rumeur ass.

Um 20 Auer eiser Zäit huet Mercedes-AMG Petronas F1 Team op X d'Nouvelle bestätegt, dass de Lewis Hamilton Mercedes verloosse wäert, ouni awer ze soen, wouhin dass et fir hie geet.

12 Minutte méi spéit huet dann och Ferrari bestätegt, dass de Lewis Hamilton fir 2025 bei der Scuderia ënnerschriwwen huet, an dat net just fir 1 Joer.

De Lewis Hamilton verléisst deemno no dëser Saison d’Mercedes-Team fir 2025 bei d’Scuderia Ferrari ze wiesselen. E gëtt do Teamkolleeg vum Charles Leclerc, dee viru kuerzem säi Kontrakt zu Maranello scho verlängert huet. De Spuenier Carlos Sainz, deem säi Ferrari-Kontrakt Enn 2024 ausleeft, muss sech elo en neit Team sichen. Dat huet de Spuenier och um Donneschdeg den Owend a senge soziale Medien confirméiert.

Wien d’Hamilton-Cockpit bei Mercedes iwwerhëlt, ass nach net gewosst.

Et ass dee spektakulären Transfert an der Formel 1 zënter Joren, vergläichbar wann iwwerhaapt mam Vettel-Wiessel 2014 vu Red Bull bei Ferrari oder mam Schumacher-Wiessel 1996 vu Benetton och bei Ferrari. Schonn am Fréijoer 2022 gouf et Rumeuren, de 7-fache Weltmeeschter wär a Gespréicher mam Ferrari-President John Elkann. Am Summer 2023 gouf iwwert e méiglechen Transfert vum Lewis Hamilton bei Red Bull spekuléiert. Kuerz drop huet Mercedes awer annoncéiert, dass de Lewis Hamilton op d’mannst bis Enn 2025 bei der Mark mam Stär bleiwe géif. Elo gëtt dee Kontrakt awer fréizäiteg opgeléist. De Lewis Hamilton huet net nëmme gutt Kontakter mam John Elkann, mee och mam neie Ferrari-Teamchef Frédéric Vasseur. 2006 huet de Lewis Hamilton mam Vasseur sengem ART-Team de Championstitel an der GP2 gewonnen.

De Lewis Hamilton war a senger ganzer F1-Karriär nëmme mat Mercedes-Motoren ënnerwee. Vun 2007 bis 2012 ass hie fir McLaren-Mercedes gefuer, duerno ass hien bei d’Mercedes-Wierksécurie gewiesselt. Hien huet 6 vu senge 7 WM-Titele mat deene Sëlwerege gefeiert. Enn 2024 – also no 12 Saisonen – wäert hien d’Team vu Brackley verloossen.

Och den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl, dee laang Jore mam Lewis Hamilton zesummegeschafft huet, ass vun dësem Wiessel iwwerrascht:

"Dat kënnt extrem onerwaart. Op hien elo de Kandheetsdram hat, iergendwann a Rout ze fueren, oder op hien d’Vertrauen a Mercedes verluer huet, dat weess nëmmen hien aleng. Et wäert och interessant ginn, ze gesinn, wéi eng technesch Leit him no ginn. Ech erwaarde mir net, dass säi Renningenieur Bono matwiesselt, mee wéi de Lewis haut bewisen huet, ass alles méiglech."