De Grousse Präis vu Japan bleift op d’mannst bis 2029 am F1-Kalenner. D’F1 huet de Kontrakt ëm fënnef Joer verlängert.

Suzuka gehéiert zu den absolutte Lieblingscircuite vu ville Piloten. Déi legendär S-Kéieren oder déi ultraséier 130R-Kéier sinn och mat modernen F1-Autoen nach eng richteg Erausfuerderung. Dobäi kommen déi leidenschaftlech japanesch Fans, déi fir eng eemoleg Ambiance suergen. Déi lescht Woche gouf et Rumeuren, Suzuka kéint no 2024 aus dem F1-Kalenner verschwannen, well d’F1 léiwer op engem neie Stadcircuit bei Osaka wéilt fueren.

Elo huet d’Formel 1 awer annoncéiert, dass d’F1 net nëmme bis 2029 a Japan bleift, mee dass dee Japan-GP och weiderhin zu Suzuka gefuer gëtt. Vun dësem Joer u mussen d’Fans sech awer un en neien Datum gewinnen. De Japan-GP ass nämlech vum Hierscht an d’Fréijoer geréckelt. D’F1 kombinéiert Japan elo mat Australien a China, fir esou d’Reestrajeten ze reduzéieren. Dëst Joer gëtt de Japan-GP de 5. Abrëll gefuer.