Als éischt Ecurie weist Haas säin Auto fir déi nei Saison. Gréisser Changementer bleiwen an der éischter Saison ouni de Kult-Teamchef Steiner aus.

Haas bleift sech och no der Entloossung vum Günther Steiner trei. Wéi schonn déi lescht Joren huet d’US-Team op eng grouss Presentatioun verzicht a verëffentlecht nëmmen e puer digital Designentwërf an eng Videoanimatioun vu sengem neien Auto. Am Mëttelpunkt steet dobäi virun allem d’Lackéierung vum neien Déngschtwon vum Nico Hülkenberg a vum Kevin Magnussen. Haas bleift beim bekannte schwaarz-wäiss-rouden Design, huet deen awer an Detailer opgefrëscht.

De richtege VF-24 wëllt Haas nach net weisen - och dat huet Traditioun bei den Amerikaner. D’Ëffentlechkeet kritt deen echte VF-24 fréistens den 11. Februar ze gesinn. Do huet Haas nämlech de Silverstone-Circuit fir e Shakedown (en éischte kuerzen Test) reservéiert. Et bleift also onkloer, wéi staark Haas säin Auto fir déi nei Saison ëmgebaut huet. Op de Biller falen e puer minimal Changementer am hënneschten Deel vum Auto a beim viischte Spoiler op. Den neien Teamchef Ayao Komatsu erkläert, dass de VF-24 virun allem eng Weiderentwécklung vum Auto vum leschte Joer ass.

Haas goung jo duerch eng turbulent Wanterpaus. Den 10. Januar koum d’Nouvelle, dass de Kult-Teamchef Günther Steiner säi Kontrakt net verlängert krut. De fréiere Chefingenieur Ayao Komatsu huet misste kuerzfristeg de Posten als Teamchef iwwerhuelen. De Japaner seet, hien hätt am Moment zwar zimmlech vill Stress, mee déi ganz Ekipp géif dee Changement als Geleeënheet gesinn, fir sech ze verbesseren. Hien ass amgaangen, eng nei technesch Direktioun opzebauen a verschidden Departementer nei ze strukturéieren. Et géif drëms goen, "Barrièren ofzebauen" an dem Team erëm eng kloer Richtung ze ginn, esou den Ayao Komatsu weider.

D’lescht Joer hat Haas relativ staark ugefaangen, mee ass dunn am Laf vun der Saison massiv zeréckgefall. Um Enn huet Haas sech misste mat der leschter Plaz an der Constructeurs-WM zefridde ginn. An och fir déi nei Saison ass den neien Teamchef Komatsu net ganz optimistesch: "Am Bahrain wäerte mir zimmlech wäit hanne fueren – wann net esouguer ganz hannen. Mir hunn einfach ze spéit ugefaangen, den neien Auto ze entwéckelen. An dunn hu mir och nach eng Paus vun zwee Méint gemaach, fir um Austin-Upgrade ze schaffen. Mir hu Ressourcë verbëtzt an Zäit verluer. Ëmmerhin hu mir am Wandkanal e puer gutt Saache fonnt, op déi mir elo opbaue kënnen". Den Ayao Komatsu hofft, dass d'Wantertester Enn Februar am Bahrain gutt lafen an dass d’Team sech duerno mat engem kloren Update-Programm am Laf vun der Saison erëm no vir schaffe kann.