Ferrari: Neien SF-24 soll méi einfach ze fuere sinn
1 Minutt an 39 Sekonnen huet d‘Video-Presentatioun vum neie Ferrari gedauert. Den SF-24 fält op mat enger Rei opteschen an technesche Changementer.
"Mir musse méi effizient a vill méi opportunistesch ginn“, dat sot den Teamchef vun der Scuderia Frédéric Vasseur. „Mir mussen och couragéiert Decisiounen an de Coursen huelen an dëst Joer do weider fueren, wou mir d‘lescht Saison opgehalen hunn.“
"Mir hunn just eng Konditioun; eise Course-Auto soll staark an éierlech sinn an op der Streck dat reproduzéieren, wat mir am Wandkanal gesinn hunn", huet de Chassis-Chef Enrico Cardile wësse gedoen.
"Ech erwaarde mer, datt den Auto an enger ganzer Rei Beräicher e Schratt no vir gemaach huet a mir eise Supporter mat Victoirë vill Freed bereede kënnen", kuckt de Pilot Charles Leclerc optimistesch an d‘Zukunft.
Den zweete Ferrari-Pilot, de Carlos Sainz, deen a seng lescht Saison bei der Ecurie vun Maranello geet, 2025 gëtt hien jo duerch de Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton ersat, ass sech zimmlech sécher, datt een den Auto an déi richteg Direktioun entwéckelt huet.
Et gouf mat grousser Spannung op d‘Presentatioun vum Ferrari fir d‘Saison 2024 gewaart. No 1 Minutt an 39 Sekonnen war de Video schonn eriwwer, an d‘Formel 1-Supporter an d‘Fans vun der Scuderia hu sech gefrot, ob et dat scho war.
Bei der prestigiéister Ecurie aus dem Formel 1-Zirkus huet ee wuel seng ganz Energien gehalen, fir an den Auto ze stiechen. Een Auto, den SF-24, deen an enger ganzer Rei Beräicher anescht ausgesäit wéi säi Virgänger, den SF-23. Ugefaange bei der Faarf, wou elo souwuel um Auto wéi och um Overall vun de Pilote manner schwaarz, dofir awer Ferrari-giel an och wäiss Sträifen ze gesi sinn. D‘Nues vum SF-24 ass dann och net méi esou spatz a ganz vir um Front-Flillek
gesäit een „la bandiera italiana“. Déi viischt Ophänkung ass elo méi héich fixéiert, den Ënnerbueden, d‘Säitekëschten, d‘Motorofdeckung, an den Heck-Flillek goufen op de Leescht geholl, fir datt Ferrari dës Saison hir Attack op Red Bull ka reiden.
Déi enthusiastesch Supporter vun der Scuderia waarde mat grousser Ongedold op deen éischten Weltmeeschtertitel zanter 2007. De Finn Kimi Räikkönen war deemools responsabel, datt d‘Tifosi am 7. Himmel waren.
De Frédéric Vasseur geet a säin zweet Joer als Teamchef bei Ferrari. D‘Pilotekoppel ass fir 2024, mam 26 Joer ale Monegass Charles Leclerc a mam 29 Joer alen Spuenier Carlos Sainz och onverännert. An der Wanterpaus war d‘Haaptnouvelle aus dem Formel 1-Zirkus jo, datt de 7-fache Weltmeeschter Lewis Hamilton 2025 vu Mercedes bei d‘Scuderia wiesselt. Dee Moment kann déi eelsten Ecurie aus der Kinneksklass am Automobilsport och behaapten, datt déi zwee Rekordweltmeeschter am roude Auto vu Maranello gefuer sinn.