2024 ass dem Rekordweltmeeschter säi leschten Danz mat Mercedes. Optesch an technesch huet seng Ecurie dobäi villes verännert.

Op Valentinsdag huet de Vizeweltmeeschter Mercedes zu Silverstone säin Auto fir d’Saison 2024 presentéiert. De W15 ass wéi och de W14 aus dem leschte Joer gréisstendeels schwaarz. Nei ass allerdéngs, dass d’Spëtzt vum Auto am traditionelle Mercedes-Seëlwer lackéiert ass. „D’Lackéierung spigelt zréck, wie mir wierklech sinn“, sou den Teamchef Toto Wolff. An dësem Joer feieren déi legendär „Silberpfeile“ hiren 90. Gebuertsdag.

Um techneschen Niveau huet de W15 een neie Chassis an eng nei Boîte. Och um Ënnerbuedem an un der hënneschter Achs gouf vill an de Fabricken zu Brackley an zu Brixworth geschafft a verännert. „Mir hunn d’Gefill, dass mer e gudde Wanter haten“, verréit den techneschen Direkter James Allison deen nom Mike Elliott fir d’Entwécklung vum Auto responsabel ass.

„De Schwéierpunkt hu mir op Verbesserung vun der hënneschter Achs vum Virgänger geluecht, well déi dacks onberechenbar war. Mir hunn dru geschafft a versicht, en Auto ze entwéckelen, dee fir d'Piloten net méi esou nervös ass. Am Ufank vun der Kéier, wann een haart ubremst an an d'Kéier erafiert, muss déi hënnescht Achs stabil sinn. Mir hunn och haart dru geschafft, dass den Auto manner Loftwidderstand huet, fir d'Performance an de Kéieren ze verbesseren, ouni den DRS-Effekt an eis Boxenstoppen ze vergiessen.“

Wéi och d’lescht Saison baut den Toto Wolff, dee säi Kontrakt als Teamchef Ufank Januar verlängert huet, weiderhin op de Lewis Hamilton an den George Russell als Piloten-Duo. Dat wäert awer déi leschte Kéier sinn, well sech de 7-fache Weltmeeschter wäert 2025 bekanntlech d'Kombi vun der Scuderia Ferrari undoen. Och wann déi lescht zwee Joer net einfach fir Mercedes waren, si sech béid Piloten eens, dass se an deene méi schwierege Jore vill geléiert hunn. „Mir sinn op engem gudde Wee, mee et läit nach vill Aarbecht virun eis“, mengt de Lewis Hamilton.

Den Éiergäiz an d’Ambitioune si bei Mercedes wéi gewinnt grouss. Tëschent 2014 an 2021 konnt ee sech aacht Mol hannerteneen den Titel bei de Konstrukteure sécheren. „Mir wëssen, dass mer nach net uewen um Bierg ukomm sinn“, sou den Toto Wolff, deen awer och op déi gutt Aarbecht hannert de Kulisse preziséiert.

2023 konnt sech Mercedes zwar déi zweete Plaz bei de Konstrukteure sécheren, de Retard op Red Bull an de Max Verstappen ass dobäi allerdéngs net méi kleng ginn. Vill méi huet een den Otem vu Ferrari, McLaren an Aston Martin gespuert. Dës Saison hofft ee bei der Ecurie mam Stär op eng positiv Entwécklung. Ob de W15 tatsächlech konkurrenzfäeg ass, weist sech réischt am Bahrain. „Mir si gespaant, wéi sech den Auto schloe wäert“, seet den Toto Wolff.

Um Mëttwoch wäerten de Lewis Hamilton an de George Russell bei enger Demo-Ronn déi éischt Kilometer absolvéieren. De richtege Shakedown steet virun den offiziellen Tester am Bahrain um Programm, wou den Auto dann am Ganzen 200 Kilometer fueren dierf.