McLaren stoung d'lescht Saison néng Mol um Podium a presentéieren 2024 deen Auto, mat deem si un dës gutt Leeschtung uknäppe wëllen.

Niewent Mercedes presentéiert och McLaren hiren neien Auto, fir déi nei Saison de 14 Februar. Mat zwou Presentatiounen op Vältesdag ass dëst ee flotte Kaddo fir vill Formel-1-Supporter.

Um MCL38  ginn et direkt e puer Changementer. "Mir haten dräi grouss Ziler. D'aerodynamesch Effizienz, de mechanesche Grip, an dass den Auto besser mat de Pneuen ëmgeet", sot den Teamchef Andrea Stella. Wéi eng konkret Ännerunge gemaach goufen huet den Italiener net verroden, et géifen awer nach ëmmer Beräicher ginn, un deene geschaaft muss ginn. "Mir probéieren, um Momentum vun der leschter Saison opzebauen. Mir sinn awer och realistesch a wëssen, dass déi aner Ecurien och Fortschrëtter gemaach hunn. Mir gi weider eist Bescht, esou datt mir et erëm un d'Spëtzt packen."

Am Géigesaz zu de Jore virdrun huet McLaren dës Saison keng grouss Presentatioun fir den Auto organiséiert. Et gouf kee Live-Event vun der Ecurie, allerdéngs konnten d'Pilote Lando Norris an Oscar Piastri déi éischt Kilometer mam neie MCL38 zu Silverstone absolvéieren.

McLaren war déi éischt Ecurie, déi hir Lackéierung schonns am Januar fir d'Saison 2024 presentéiert huet. Déi blo Faarf ass elo definitiv vum Auto verschwonnen an iwwerléisst dem Papaya Orange an dem Karbon seng Platz.

McLaren hat keen einfache Start an d'Saison 2023. Déi éischt Punkten hu bis Australien op sech waarde gelooss. Den éischte Podium krute si du bei hirem Grand Prix zu Silverstone. No deene sëllegen Updaten an der Weiderentwécklung vum Auto ass et bei der Ecurie besser gelaf a se huet sech zum éischte Verfolger vu Red Bull entwéckelt. Um Enn konnt sech McLaren mat 302 Punkten déi 4. Platz an der Constructeur-Weltmeeschterschaft sécheren. De positiven Trend soll dës Saison seng weider goen.

Och déi zwee jonk McLaren-Pilote freeë sech schonn drop, fir bei den Tester am Bahrain den MCL38 op de Leescht ze huelen. De Lando Norris, deen elo seng 6. Saison fir McLaren fiert, ass voller Virfreed: "Ech freeë mech drop, den Auto am Bahrain ze testen. Ech vertrauen dem Team komplett, dass mir op de Succèse vun der leschter Saison weider opbaue kënnen. Allerdéngs läit de richtegen Test vun eisem Fortschrëtt nach virun eis: D'Tester am Bahrain, éier et an d'Qualifikatioun an un d'Course geet.”