Red Bull feiert dëst Joer säin 20. Anniversaire an der Formel 1 an huet dofir eng "Forever-Rebl-Campagne" an d'Liewe geruff.

En ronne Gebuertsdag dierf natierlech gefeiert ginn. Dat wëll dann och Red Bull déi ganz Saison iwwer maachen. Mat der "Forever-Rebl-Campagne" soll d'Roll vun der Red-Bull-Kultur ervirgehuewe ginn, déi zanter dem F1-Debut beim Grousse Präis vun Australien 2005 d'Grenze vum Sport ëmmer nees erweidert huet. Aus deem Grond ginn op den F1-Weekender eng helle Wull speziell Eventer organiséiert, déi de Supporter d’Geschicht vun der Ecurie méi no bréngen sollen.
 
Show an Entertainment ka Red Bull, dat ass bekannt. Dofir gouf sech bei der Presentatioun och selwer op d'Schëller geklappt a, wéi et sech fir eng Gebuertsdagsparty gehéiert, nach emol déi lescht Saisone Revue passéiere gelooss. Och den David Coulthard, deen 2005 am éischten Auto vun der Ecurie aus Éisträich souz,stoung op der Bün.
 
Den Auto, dee presentéiert gouf, ass net nëmmen dee richtegen (Red Bull huet jo dacks just en ëmlackéierte Virgänger gewisen) mee och een, dee staark verännert ginn ass. En richtege Rebell also.

Beim viischte Spoiler goufen et nëmme liicht Modifikatiounen. Anescht bei den Säitekëschten, déi keng bis eng ganz kleng Kill-Ëffnung virweisen. Eppes wat staark un e Mercedes aus dem Joer 2022 erënnert, bei deene Red Bull net nëmmen do gespickt huet. Wann een nämlech den hënneschten Deel vum Auto méi genee analyséiert erkennt ee gewëssen Usätz vum W14, wat bedeite kann, dass Mercedes eng méi effizient Léisung fonnt huet, wéi dat beim Weltmeeschterauto de Fall war. Och beim Ënnerbuedem gesäit een op de Biller, déi d'Ecurie un d'Press geschéckt huet, e puer Changementer. Dësen ass wesentlech méi schlicht, ewéi deen um Virgänger-Auto. Ob dësen Ënnerbuedem da wierklech der Wourecht entsprécht, gesinn d'Formel-1-Supporter nächst Woch bei den Tester am Bahrain. Vum hënneschten Deel vum Auto goufe guer keng Fotoe matgeliwwert. Ass dat nees den ganze Secret vum RB20? Dëst war jo scho beim Virgänger den Fall. An der Startopstellung hunn d'Mecanicien sech ëmmer hannert den Auto gestallt, fir näischt ze verroden. Quasi wéi d'Schüler an der Schoul, déi d'Schachtel an der Mëtt vun der Bänk placéieren, dass den Noper net ofschreiwe kann.
 
"Kontrolléiert Aggressiv" huet den Max Verstappen den Design vum RB20 zesummegefaasst. Den RB19 war mat 21 Victoire bei 22 Coursen deen erfollegräichsten Auto an der Geschicht vun der Formel 1. Ob dës Saison genau esou e Succès gëtt? De Sergio Perez zweiwelt net drun: "Mir haten esou en dominanten Auto. Do hätt een net geduecht, dass si dat ganzt Konzept op d'Kopp dréine géifen. Dat weist awer, wéi hongreg eist Team ass a wéi couragéiert!"
 
Och den Teamchef Christian Horner war bei der Presentatioun dobäi. D’Affär vun den deplacéierte Reproche géintiwwer enger Mataarbechterin sinn nach net ofgeschloss. Ob den Christian Horner Teamchef bleift a beim éischte Weekend vun der Saison, déi Enn Februar ufänkt, un der Boxenmauer sëtzt, ass nach net bekannt.