Och wa Red Bull d'Konzept vu sengem Auto radikal geännert huet, huet d'Weltmeeschter-Ecurie d'Wantertester dominéiert.

D'Formel-1-Generatioun 2024: Nei Autoen, nei Faarwen, nei Nimm. Jiddwer Ecurie hat iwwert de Wanter déi selwecht Ambitiounen: den eegenen Auto verbesseren, den Ecart op d’Konkurrenz verkierzen, déi eng Iddi fannen, déi keen aneren hat. Mä alleguer d’Ingenieure schéinen iwwert hirem Bett e Pouster vum Red Bull RB19 hänken ze hunn. De séiersten Auto vum leschte Joer huet definitiv seng Spueren hannerlooss. Quasi all d’Ecurien, egal op grouss oder kleng, hu sech méi oder manner staark um Red-Bull-Konzept vun zejoert inspiréiert.

A Red Bull selwer? Déi puchen hiert héich gelueft Konzept an d’Poubelle a stellen en Auto op d’Rieder, deen a villen Detailer un de Mercedes W14 erënnert. Den RB20 ass fir Red Bull eng kleng Revolutioun, en Update net ouni Risiko. De Max Verstappen ass awer optimistesch: "Mäin éischte Gedanke war: et gesäit gutt aus. Mä um Enn vum Dag muss den Auto séier sinn. An dorunner schaffe mir alleguer. An hoffentlech kënne mir scho bei den Tester am Bahrain domadder ufänken."

RTL

© Photo by Andrej ISAKOVIC / AFP

An déi Wantertester waren eng reegelrecht Muechtdemonstratioun vu Red Bull. Um éischten vun dräi Deeg schockt de Max Verstappen seng Konkurrenz. De Weltmeeschter fiert iwwert eng Sekonn méi séier wéi de Recht. Méi wéi zefridde Gesiichter bei Red Bull. Fir den dräifache Weltmeeschter Verstappen war et e gudden Test: "Mir hu vill geléiert, mat all Stéck wat mir um Auto gewiesselt hunn. Mir wëssen elo, wat mir d’nächst Woch ze maachen hunn, an dorobber konzentréiere mir eis."

Déi gréissten Erausfuerderung fir Red Bull gëtt et effektiv, fir sech ze konzentréieren. Sech net oflenken ze loossen vun der Affär ronderëm hiren Teamchef Christian Horner. Dee kritt vun enger Mataarbechterin reprochéiert, si harceléiert ze hunn. Eng intern Enquête zitt sech elo schonn e puer Wochen a riskéiert, onnéideg Onrou an d’Ekipp ze bréngen.

RTL

© Photo by Andrej ISAKOVIC / AFP

Och bei den zwee gréisste Red-Bull-Géigner, Mercedes a Ferrari, gouf et iwwert de Wanter grouss Opreegung. De Lewis Hamilton wiesselt 2025 vu Brackley a Maranello. E Sensatiounstransfer, deen elo scho vill – ze vill – Opmierksamkeet op sech zitt. An der Pressekonferenz reagéiert de Frédéric Vasseur liicht genervt: "Ech wëll mir déi doten Diskussioune bis 2025 spueren. Et ass sécher gutt fir d’Team, dass mir wëssen, wat an Zukunft geschitt. Mä eisen nächste Sujet ass 2024, net 2025."

De Lewis Hamilton seet, d’Kapitel Mercedes wär fir hien nach net ofgeschloss. E wëllt a senger leschter Mercedes-Saison nach emol ugräifen. Mat engem fonkelneie W15. Deen huet bei de Wantertester net ëmmer esou gutt ausgesinn. Trotzdeem ass ee bei der Mark mam Stär iwwerzeegt, dass de W15 e vill besser Worf ass wéi seng zwee Virgänger. Den Techneschen Direkter James Allison erkläert: "Mir sinn am Moment sécher net déi Éischt. Mä mir hunn op d’mannst een éierlechen Auto, dee sech gutt behëlt. Op eng Coursedistanz sinn eis Ronnenzäite ganz anstänneg. Elo musse mir nach e bëssen un de Ronnen am Quali schaffen."

RTL

© Photo by Andrej ISAKOVIC / AFP

Wou Ferrari säin SF-24 presentéiert huet, kruten d’Italiener reprochéiert, den Design wier ze vill konservativ, et géif un Innovatioune feelen. Mä bei de Wantertester huet de Ferrari en extrem ausbalancéierten Androck gemaach. Den Nach-Ferrari-Pilot Carlos Sainz fiert op mëlle Pneuen esouguer déi absolutt Beschtzäit: "Mir hu verschidde Setups erop- an erofprobéiert an den Auto schéngt gutt drop ze reagéieren. Eis Performance kann ech awer nach net richteg aschätzen. Ech kann nëmme soen, dass de Red Bull richteg séier ass."

An och déi kleng Schwëster vu Red Bull schéint richteg séier ze sinn. An dat ass der Konkurrenz en Dar am Aa. Red Bull reizt d’Reglement nämlech bis un d’Limitten aus, a spendéiert sengem B-Team de Gros vun der Technik. Och soss ass dës Ecurie net onëmstridden. Aus Alpha Tauri gouf nämlech "Visa Cash App RB". En Numm, bei deem d’Sponsore méi wichteg sinn, wéi déi eegen Identitéit. Egal wéi, wann een den Testzäite gleewen däerf, huet RB e Sprong no vir gemaach, a riskéiert am viischte Mëttelfeld och Aston Martin d’Liewe schwéier ze maachen.

Déi Gréng hu virun engem Joer zu de groussen Iwwerraschunge gehéiert. Op Aston Martin nach emol esou e Coup geléngt, ass ongewëss. Mä de Lëtzebuerger Teamchef Mike Krack formuléiert ambitiéis Saisonsziler: Punkten, Podien a vläicht déi éischte Victoire.

RTL

© Photo by Andrej ISAKOVIC / AFP

Nei Faarwen an en neien Numm krut d’Team Sauber. Nom Depart vum Sponsor Alfa Romeo heescht d’Schwäizer Ecurie elo offiziell "Stake F1 Kick". Faarflech fält déi gréng-schwaarz Kreatioun wierklech op – bei de Chronoen war Sauber bei de Wantertester awer éischter diskret. Mir géifen éischter keng Suen op e WM-Titel fir Bottas oder Zhou setzen.

Souwisou – an do sinn sech déi meescht Observateuren eens – misst beim Max Verstappen scho wierklech vill schif lafen, wann hie sech dës Saison net de véierten Titel hannertenee séchere géif. Oder wéi de Fernando Alonso et formuléiert huet: "No de Wantertester wëssen 19 Piloten, dass se dëst Joer net Weltmeeschter ginn."

Interview mam RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl

Och den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl huet d’Zäite vun de Wantertester am Bahrain analyséiert. Wien ass säi Favorit? Kann awer vläicht eng Ecurie Red Bull d’Liewe schwéier maachen? Wie kéint d’Iwwerraschung vun der Saison ginn? Wien d’Enttäuschung? A wéi kënnen sech d’Horner-Affair an den Hamilton-Ferrari-Transfer op déi sportlech Leeschtunge vun de betraffenen Ecurien auswierken? Kuckt hei d’Aschätzunge vum Dominique Riefstahl am Virfeld vun der F1-Saison 2024.

Den Dominique Riefstahl wäert och dëst Joer d’F1-Ekipp vun RTL Lëtzebuerg verstäerken. Dëst Joer baue mir eis Couverture vun der F1-Saison esouguer nach aus. Mir weisen d’Fräi Trainingen vum Saisonsoptakt, vun den europäesche Courssen a vun der Finall net nëmme live am Stream op RTL PLAY, mä parallel dozou och live op der Tëlee op RTL ZWEE. De geneeën Iwwerbléck fannt Dir an eisem Kalenner & Zäitplang 2024.

Klickt op d'Foto, fir se méi grouss ze gesinn.