Red Bull: Christian Horner vu Virwërf fräigesprach

De Christian Horner krut vun enger Mataarbechterin “inappropriéiert Behuele” reprochéiert. Eng onofhängeg Enquête entlaascht de Red-Bull-Teamchef.
Ufank Februar huet eng hollännesch Dageszeitung rapportéiert, dass eng Mataarbechterin vu Red Bull dem Christian Horner “inappropriéiert Verhale” reprochéiere géif an dass dowéinst intern géint den Teamchef vun der Weltmeeschter-Ecurie enquêtéiert géif ginn. Ëm wéi ee Verhalen, dass et géif goen, ass bis haut net offiziell gewosst. Et gouf iwwert sexuellen Harcèlement oder iwwerdriwwenen Drock op der Aarbechtsplaz spekuléiert.
De Red-Bull-Konzern huet doropshin en onofhängegen Affekot mat enger Enquête beoptraagt. Elo huet Red Bull matgedeelt, dass dës “fair an onparteiesch” Enquête ofgeschloss wier an dass d’Reproche vun der Mataarbechterin net zeréckbehale goufen. Weider Detailer wëllt Red Bull net ëffentlech maachen, fir d’Privatsphäre vun de concernéierte Persounen ze protegéieren. Juristesch ass d’Affär eventuell nach net ofgeschloss, well déi betraffe Mataarbechterin huet eng Plainte géint hire fréiere Chef ugekënnegt.
Am offizielle Communiqué steet iwwregens net, dass de Christian Horner domadder Teamchef vu Red Bull Racing bleift. Observateuren am F1-Paddock spekuléieren dowéinst, dass de 50 Joer alen Englänner trotz dem Fräisproch zerécktriede kéint.
Hannergrond: Divergenzen am Red-Bull-Imperium
Hannert de Kulisse vu Red-Bull-Racing schéint et nämlech fatzeg ze rumoueren. Zënter dem Doud vum fréiere Red-Bull-Patron Didi Mateschitz géif et bei Red Bull nämlech zwee Campen ginn, déi net méi gutt matenee kéinten. Op der enger Säit steet déi thailännesch Famill Yoovidhya (mat 51% vun den Aktien), an op der anerer Säit déi éisträichesch Ierwe vum Ex-Patron Mateschitz. De Christian Horner huet d’lescht Joer wuel probéiert, mat Hëllef vum thailänneschen Aktionär méi Pouvoir ze kréien an de Red-Bull-Motorsportchef Dr Helmut Marko ofzeseeën.
Dee Plang ass awer opgeflunn an zënterhier ass de Christian Horner an der éisträichescher Firmenzentral net méi gutt gelidden. Observateure si sech eens, dass déi aktuell Affär och an dësem Kontext ze gesinn ass, an dass d’Éisträicher de Christian Horner am léifste lass wieren, mee d’Thailänner awer d’Hand iwwert hien hale géifen.