De Weekend Start d'Kinneksklass am Automobilsport an déi nei Saison.

De Max Verstappen mécht do weider, wou en déi lescht Saison opgehalen huet. De Weltmeeschter huet sech déi éischt Pole Position vun der neier Saison geséchert. De Red-Bull-Pilot huet sech e Freideg am Qualifying fir de Grousse Präis vum Bahrain virum Charles Leclerc op Ferrari an dem George Russell op Mercedes behaapt.

De Verstappen ass mat 1:29,179 Minutten déi séierste Ronn gefuer, domadder louch hie gutt zwou Zéngtelssekonne virum Leclerc.

Ob sech de Verstappen och déi éischt Victoire an dëser Saison ka kropen, dat decidéiert sech e Samschdeg vu 16 Auer un. Wéinst dem Ramadan gëtt de Grousse Präis vum Bahrain schonn een Dag éischter gefuer. Op RTL kënnt Dir d'Course live suivéieren.

Am Q1 war iwwerdeems Feierowend fir déi zwee Alpine-Pilote Pierre Gasly an Esteban Ocon, de Logan Sargeant op Williams an déi zwee Sauber-Piloten Zhou Guanyu a Valtteri Bottas.

Nom Q2 hunn déi zwee RB-Piloten Daniel Ricciardo a Yuki Tsunoda hiren Auto an der Garage missen ofstellen. Schluss war och fir de Lance Stroll op Aston Martin, de Kevin Magnussen op Haas an den Alexander Albon op Williams.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 GULF AIR BAHRAIN GRAND PRIX 2024

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL