Souverän Start-Zil-Victoire fir de Max Verstappen
Beim éischte Grouss Präis vun der Saison am Bahrain huet de Max Verstappen näischt ubrenne gelooss.
Nodeems de Red-Bull-Pilot vun der Pole Position gestart war huet hien och d'Course a gewinnter Manéier dominéiert. De Weltmeeschter konnt sech mat enger Avance vun iwwer 20 Sekonnen op säi Coequipier Sergio Perez duerchsetzen, dee virum Carlos Sainz op Ferrari ukomm ass. De Verstappen konnt sech mat enger exzellenter Ronn och d'Punkte fir déi séierste Ronn sécheren. Et ass dem Hollänner seng 55. Victoire bei engem Grousse Präis, fir Red Bull ass et iwwerdeems den 29. Doublé.
De Charles Leclerc hat vu Plaz 2 aus ee gudde Start erwëscht, ma de Verstappen konnt d'Spëtzepositioun verdeedegen a louch séier méi wéi eng Sekonn virum Monegass. De Ferrari-Pilot hat Problemer mam Auto an huet et um Enn just op Plaz 4 gepackt, nodeems hien de Russell op Mercedes 10 Ronne viru Schluss iwwerhuele konnt.
Wärend de Russell domat zwou Plaze verluer huet, konnt säin Teamkolleeg Lewis Hamilton zwou Plaze guttmaachen an ass als 7. iwwert d'Zillinn gefuer. De Sergio Perez huet iwwerdeems dräi Plaaze guttgemaach, de Fernando Alonso am Aston Martin ass dogéint op déi 9. Plaz zréckgefall.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.
FORMULA 1 GULF AIR BAHRAIN GRAND PRIX 2024
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
