5 Deeg nom Grousse Präis vum Bahrain geet et an der Formel 1 mam Grand Prix a Saudiarabien weider.

D’Circuite si gewëss ënnerschiddlech, ma d’Fro, déi sech d’Supporter vun der Kinneksklass aus dem Automobilsport stellen, ass, ob d’Dominanz vum Weltmeeschter Max Verstappen op Red Bull weidergeet, oder ob d’Konkurrenz zu Djeddah méi no erukënnt.

Virschau Grousse Präis vu Saudiarabien an der Formel 1 / Rep. Franky Hippert

De Max Verstappen hat seng Géigner och an der éischter Course vun der Saison am Grëff. 22 Sekonnen op säin Equipier Sergio Perez, a 25 Sekonnen no 57 Tier am Bahrain op den Drëtten, de Ferrari-Pilot Carlos Sainz. All Grand Prix muss awer emol gefuer ginn, seet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl.

"Ganz kloer huet de Red Bull e grousse Performanceavantage gewisen. Allerdéngs muss ee wëssen, dass natierlech net all Circuit d'selwecht ass. Djeddah ass vum Makadamm hier ganz anescht, vill méi glat, guer net esou rau wéi dat am Bahrain de Fall ass. Djeddah ass méi High Speed, méi Kéieren, dat heescht do brauch een och e bësse méi Balance am Change of direction, dat heescht am Richtungswiessel, do ass en anere Setup gefuerdert. Ech denken dat, kéint d'Autoen e bësse rebalancéieren. Dat gëtt elo net dramatesch oder weltbeweegend."

Am Bahrain gouf et kee Safety Car an déi 20 Autoe sinn och all ukomm. Beim Grousse Präis vu Saudiarabien kéint dat anescht sinn.

"Statistesch gesinn zu Djeddah natierlech méi héije Risiko, dass e Safety Car kënnt. Dat huet heiansdo de Virdeel, dass et eng Course wierklech nei animéiert. Mee och do muss ee sech elo net onbedéngt drop gefaasst halen, dass dat Wonner bewierkt, wat d'Pace vun den eenzelen Autoen ugeet. De Problem zu Djeddah ass méi, dass een net kann iwwerhuelen. Dat heescht am Bahrain hunn d'Autoen d'Tendenz, sech herno an der Pacereiefolleg anzereien an e bëssen do ze landen. Zu Djeddah kann et duerchaus sinn, dass en Auto, dee sech out of position, well en e besonnesch gudde Qualifying hat, virhält."

D’Qualifikatioun a virun allem d’Preparatioun vun de Pneuen op déi séier Ronn spillen zu Djedda eng wichteg Roll, erkläert den Dominique Riefstahl.

"D'Djeddah ass e bëssen esou wéi en High-Speed-Stroossecircuit, dat heescht d'Mauere si relativ no, gläichzäiteg ass et e ganz neie Makadamm. En huet allerdéngs e relativ grousse Schrëtt gemaach tëscht der éischter Course zu Djeddah an der zweeter Course zu Djeddah an dann Djeddah ass eng extreem laang Ronn. Dat heescht am Opbau vun esou engem Weekend spillt dat eng gréisser Roll. Zum Beispill am Qualifying huet een oft gesinn, dass d'Autoen, wa se Problemer hunn, d'Pneue waarm ze kréien, da ganz oft d'Iwwerleeung do ass: Fiert een elo am Quali 3 Push Cool Cool Push fir net mussen nach eng Kéier eranzekommen an der Garage, mee dann ass déi éischt vun den zwou Pushronne mat weesentlech méi Bensinn oder fir deen zweemol Single Push, mee dann ass d'Zäit am Garage extreem, extreem knapp a verschiddene Ecurië probéieren, heiansdo och zwee Single Push, awer mat Change Tires in a Box. Dat heescht, du fiers eraus, et méchs eng séier Ronn, kënns eran, hëls direkt Pneuen an der Box, ouni nozetanken a fiers erëm eraus, dann hätt ee sou zumindest zwee nei Pneuen, mee do ass awer nach de Problem, dass déi éischt Ronn, déi s de gefuer bass, mat méi Bensinn ass."

Et ass déi 4. Kéier, datt de Grousse Präis vu Saudiarabien gefuer gëtt. Mat Hamilton, Verstappen a Perez gouf et bis elo nach all Kéier en anere Gewënner zu Djeddah.

A wien de Grand Prix dës Kéier gewënnt, gitt Dir natierlech nees bei RTL Lëtzebuerg gewuer. E Sonndeg fänkt de Ramadan un, dofir gouf d’Course op e Samschdeg virverluecht.